Dem RTL-Formel-1-Expert no muss McLaren ophalen, sech just op sech ze konzentréieren, an och emol kucken, wat bei aneren Ecurien leeft.

Geet d'Serie vun de Victoire vum Max Verstappen an der Formel 1 weider, oder kritt McLaren mam Leader am WM-Klassement Oscar Piastri an dem Zweeten Lando Norris beim Grousse Präis vu Singapur nees d'Kéier? Wann Red Bull och nees um Inselstaat südlech vun Malaysia iwwerzeege kéint, dann kéint et fir de Rescht vun der Saison nach emol richteg spannend ginn.

Grousse Präis vu Singapur / Virschau Franky Hippert

Eent ass sécher: De Max Verstappen ass als Drëtten 69 Punkten hannert dem Oscar Piastri am WM-Klassement. Hie kann net méi aus eegener Kraaft Weltmeeschter ginn, souguer wann den Hollänner all Course an all Sprint géif gewannen, an de Piastri all Kéier Zweete géif ginn. Vill Hypotheesen deemno, ma fir den RTL -Formel -1 -Expert Dominique Riefstahl ass eppes kloer.

"McLaren ass u sech säin éischte Feind. Si sinn esou op sech selwer konzentréiert an op d'Gestioun vun den zwee Piloten intern." Et schéngt, datt si vergiessen, fir heiansdo no baussen ze kucken,f ir zes gesinn, wat de Max Verstappen mécht, weess den RTL-Formel-1-Expert. "Si hunn dee Feeler schonn 2007 gemaach, mat Alonso an Hamilton, déi duelléiert hunn, wou dann um Enn de Kimi Räikkönen Weltmeeschter ginn ass. Si hunn dat och schonn an den 80er Jore gehat, mat Prost géint Senna, wou et dann esou ausgaangen ass, dass se herno aneneegerannt sinn. Et ass net ëmmer deen, deen d'Coursë gewënnt, deen de Weltmeeschter gëtt. Et ass deen, dee konsequent ëmmer alleguerte Punkte mat heem hëlt. A just, wie Fan ass vu Statistik: De Max Versappen ass deen, deen op Stroosse -Circuten dëst Joer bis elo déi meeschte Punkte mat heembruecht huet."
 
Wat elo de Grousse Präis vu Singapur ugeet, si virun allem zwou Ecurien, déi sech am Prinzip ëm d'Victoire streiden. 
  
"Singapur si fir mech d'Favoritte ganz kloer: McLaren, mee och Ferrari. Et sinn rëm e Circuit à la Monaco, Budapest, wou maximalen Appui gefuerdert ass. De Ferrari kann do punkten, a virun allem d'Achillesseen, dass si d'Pneuen net genuch waarm kréien, ass am Qualifying hei net ginn, vu dass et esou waarm dobaussen ass an dass vun Ufank un d'Temperatur do ass."
 
Temperature vun 30 bis 32 Grad Celsius dobaussen, Loftfiichtegkeet vu bal 90 Prozent a ronn 70 Grad Celsius am Cockpit sinn eng richteg Erausfuerderung fir d'Piloten, ma och fir d'Maschinn spillen déi Facteuren um 4,94 Kilometer laange Marina Bay Circuit eng weesentlech Roll. 
 
Temperaturmanagement ass dat, wat de Circuit ausmécht zu Singapur. De Buedem ass waarm. D'Loft ass waarm. Et ass alles um Iwwerhëtzen: D'Bremsen iwwerhëtzen, d'Pneuen iwwerhëtzen, de Motor iwwerhëtzt, de Pilot iwwerhëtzt. Et ass alles eng Konscht, d'Gestioun richteg hinzekréien vun alleguerten d'Temperaturparameter an déi optimal gläichzäiteg alleguer kënnen ze beherrschen. 
 
Virun engem Joer hat sech de Lando Norris d'Pole-Position geséchert. No 62 Tier stoung de McLaren -Pilot och ganz uewen um Podium. De Max Verstappen op Red Bull gouf den zweeten, virum anere Papaya-Pilot Oscar Piastri. Et gëtt op jiddwer Fall interessant a sécherlech och hëtzeg zu Singapur. 
 
Op der Tëlee op RTL ZWEE an online op RTL.lu an RTL Play kënnt Dir nees Live dobäi sinn. Den Depart vum Grand Prix ass e Sonndeg de Mëtteg um 14 Auer, de Virprogramm fänkt um 13.15 Auer un.