Beim Grousse Präis vun Indonesien zu Mandalika huet an der Moto2 den Diogo Moreira an an der Moto3 de José Rueda gewonnen.

De Rookie Fermin Aldeguer huet de Grand Prix vun Indonesien gewonnen an domat seng éischt Victoire iwwerhaapt an der Motorrad-Kinneksklass gefeiert. An enger turbulenter Course koumen nach de Pedro Acosta an den Alex Marquez op de Podium. Den Aldeguer ass mat 20 Joer an 183 Deeg den zweetjéngste Gewënner vun engem MotoGP-Rennen. Dee jéngste bleift de Marc Marquez.

Direkt am éischten Tour krute sech de Marco Bezzecchi, dee vun der Pole Position an d'Course gaange war, an de Marc Marquez ze paken. Bei dësem schwéieren Accident huet sech den neie Weltmeeschter Marquez um Schlësselbee wéigedoen, de Bezzecchi huet sech keng Bréch zougezunn.

An der Moto2 huet den Diogo Moreira kloer virum Izan Guevara an dem Aron Canet gewonnen. De Manuel Gonzalez krut seng zweet Plaz wéinst engem Softwarefeeler a sengem Motorrad disqualifizéiert. Am Generalklassement mécht de Moreira domat Punkten op de Gonzalez gutt an huet elo nach 9 Punkte Réckstand. De Canet läit iwwer 30 Punkten hannert dem Gonzalez.

Méi spannend war d'Course zu Mandalika an der Moto3, wou sech de José Antonio Rueda mat just 0,3 Sekonne Virsprong géint de Luca Iunetta an de Guido Pini duerchsetze konnt. Den Antonio Rueda huet am General awer iwwer 100 Punkten Avance op de Piqueras, deen e Sonndeg just Siwente gouf, an ass véier Coursse viru Schluss neie Weltmeeschter.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 Fermin Aldeguer 41:07,651
2 Pedro Acosta +6,987
3 Alex Marquez +7,896
4 Brad Binder 8,901
5 Luca Marini 9,129

Moto2

1 Diogo Moreira 34:23,800
2 Izan Guevara + 7,261
3 Aron Canet +9,050
4 Barry Baltus +9,518
5 Albert Arenas +11,109

Moto3

1 José Antonio Rueda 29:28,292
2 Luca Lunetta +0,305
3 Guido Pini +0,388
4 Maximo Quiles +3,027
5 Jacob Roulstone +4,978

De General

MotoGP

1 Marc Marquez 545
2 Alex Marquez 362
3 Francesco Bagnaia 274
4 Marco Bezzecchi 254
5 Pedro Acosta 215

Moto2

1 Manuel Gonzalez 238
2 Diogo Moreira 229
3 Aron Canet 209
4 Barry Baltus 193
5 Dixon 178

Moto3

1 José Antonio Rueda 340
2 A Piqueras 231
3 M. Quiles 217
4 D. Munoz 197
5 J. Kelso 159