Um Circuit Paul Ricard am Süde vu Frankräich stoung d'Finall vum Porsche Carrera Cup Frankräich um Programm.

Dem Chester Kieffer huet an der leschter Course nach 1 Punkt gefeelt, fir d'Rookie-Championnat ze gewannen. An der éischter Course vum Weekend ass dem jonke Lëtzebuerger dat och direkt gegléckt. De Pilot vu Schumacher CLRT, dee vun der 7. Plaz an d'Course gaangen ass, konnt sech an deenen 30 Minutte Course ëm e puer Plaze verbesseren, fir als 5. iwwert d’Arrivée ze fueren a sech domat den Titel vum beschte Rookie ze sécheren. D’Course huet de Fransous Marvin Klein gewonne virum sengem Landsmann Paul Chaupe an dem Belsch Benjamin Paque.
 
Um Enn vum Dag hunn d'Stewards awer nach eng Strof fir den Chester Kieffer ausgeschwat. Wéinst engem Tëschefall wärend der Course krut de Lëtzebuerger 10 Sekonnen op d’Resultat drop gerechent an ass doduerch op déi 12. Plaz zeréckgefall. De Rookie-Championtitel sollt hien awer behalen.

An der zweeter Course vum Weekend ass den Chester Kieffer als 6. an Course gaangen, ma och hei huet de Lëtzebuerger säi Kënnen nees ënner Beweis gestallt, fir um Enn, eng zweet Kéier an dëser Saison, op de Podium ze fueren. Den Chester Kieffer ass hannert sengem Teamkolleg Marcus Amand aus Finnland, deen dës Course gewonnen huet, an dem Fransous Marvin Klein iwwert de wäisse Stréch gefuer.
 
Den Chester Kieffer zitt, no sengem Titel, verständlecherweis e positive Bilan, ma de Lëtzebuerger huet a senger éischter Carrera-Cup-Saison awer och vill bäigeléiert.

Den Chester Kieffer zitt Bilan
De Lëtzebuerger denkt schonn un déi nächst Saison a wat hien do ka matbréngen.