
Portimao ass 2027 an 2028 zeréck am F1-Kalenner. Dat hunn d’Organisateure vun der Kinneksklass aus dem Automobilsport en Dënschdeg de Moien annoncéiert. Bis e well goufen 18 Grand-Prixen a Portugal gefuer, dovunner réischt zwee Stéck zu Portimao, nämlech 2020 an 2021. Déi lescht zwou Coursen um “Autodromo Internacional do Algarve” konnt de Lewis Hamilton fir sech entscheeden.
De grousse Präis vu Portimao ersetzt domadder 2027 an 2028 de Grand-Prix zu Zandvoort an Holland, mat deenen de Kontrakt net verlängert gouf. Fir déi nächst Saison gehéiert den Heem-Grand-Prix vum Max Verstappen nach zum F1-Kalenner.