Ustrengende Januar steet an d'HausGrégoire Munster als Copilot um Dakar, duerno direkt weider als Pilot um Rallye Monte-Carlo

Andy Brücker
De Lëtzebuerger Autosportler huet an den nächste Wochen nawell e stramme Programm viru sech.
© Ketty a Rom Hankes

Laang war et roueg ëm d’Zukunft vum Grégoire Munster, deen elo zwou Saisonen als Wierkspilot fir M-Sport Ford an der Rallye-WM ënnerwee war. M-Sport hat sech Zäit gelooss mat der Ukënnegung vu senge Pilote fir d’Saison 2026, ma et hat vill drop higedeit, dass de Grégoire Munster do net méi mat wäert vun der Partie sinn.

E bëssen iwwerraschend koum dunn awer viru Kuerzem d’Annonce, dass de Grégoire Munster wäert um Depart si vun der Dakar Rallye. Dat allerdéngs net als Pilot, ma als Copilot! Hie spréngt a fir de Frédéric Miclotte, dee kuerzfristeg huet musse säin Depart un der Säit vum Jourdan Serderidis ofsoen. Dësen ass op engem Ford Raptor aus dem Haus M-Sport ugemellt.

D’Relatioun tëscht dem Serderidis an dem Munster ass schonn zanter Jore ganz gutt, war et dach de Serderidis, deen als Sponsor a Mentor vill Diere fir de Grégoire Munster opgemaach huet. Si konnten dann och rezent vill Zäit matenee verbréngen, nodeems se bei der East African Safari Rallye zesummen op engem Porsche 911 Carrera SC aus dem Haus BMA ugetruede sinn, an do souguer op Plaz 3 um Podium gelant sinn. Hei konnt de jonke Lëtzebuerger, deen och déi belsch Nationalitéit huet, sech scho mol dru gewinnen op der Bäifuerersäit ze sëtzen an d’Notte virzeliesen.

Mat der Dakar Rallye an um Ford Raptor ass et natierlech nach emol eng ganz aner Nummer. Lass geet et den 3. Januar a Saudi-Arabien a wa se de komplette Rallye packen, gesi se d’Arrivée de 17. Januar. Ma eleng ass de Grégoire net bei senger Première um Dakar. Wéi mir jo scho gemellt haten, ass och säi Brudder Charles Munster eng éischte Kéier um Depart vun der Dakar. Hie start op engem KTM X-Bow fir “G Rally Team”. Hei kënnen déi zwee sech deemno sécherlech géigesäiteg ënnerstëtzen.

Vun der Wüst eriwwer op d’veräiste Stroosse vum Rallye Monte-Carlo

Ma domadder nach net genuch... Fir de Grégoire Munster geet et direkt no der Arrivée de 17. Januar vu Yanbu a Saudi-Arabien eriwwer a Frankräich, wou den 18. Januar d’Reconnaissance fir de Rallye Monte-Carlo ugeet. Obwuel de Munster net méi fir M-Sport Ford als Wierkspilot agesat gëtt, sou wäert en awer bei der Monte nees an engem Ford Puma Rally1 sëtzen, nämlech an deem vum Jourdan Serderidis. Dat ass dëse Freideg offiziell matgedeelt ginn.

D’Monte ass e ganz spezielle Rallye fir de Munster, well hei ass him 2025 seng alleréischt Beschtzäit an der Rallye-WM gelongen. Deemno erhofft hie sech och 2026 hei e gutt Resultat ze realiséieren an M-Sport ze weisen, dass se eventuell awer op hien hätte solle setzen. Wéi et duerno weidergeet fir de Grégoire Munster ass nach net gewosst. Den Teamchef vun M-Sport Rich Millener hat awer rezent an engem Interview gesot, dass de Grégoire ëmmer nach eng Roll kéint spillen... grad ewéi och wéi de Martins Sesks, deen 2025 vereenzelt Asätz um Ford Puma Rally1 hat.

Et gëtt deemno e wichtege Mount Januar fir de Grégoire Munster.


Back to Top
CIM LOGO