Rallye DakarMitch Guthrie no Victoire op 3. Etapp neie Leader, Charles Munster 107.

Jeff Birsens
Tom Nols
En Dënschdeg ass et op der Rallye Dakar a Saudi-Arabien 421 Kilometer ronderëm Al-'Ula gaangen. Ford-Pilote leien aktuell op de fënnef éischte Plaze vum Klassement.
Den Amerikaner gewënnt déi drëtt Etapp an ass neie Leader am General
Den Amerikaner gewënnt déi drëtt Etapp an ass neie Leader am General
© FREDERIC LE FLOC H/DPPI via AFP

D’Dagesvictoire ass op der 3. Etapp vun der Rallye Dakar un de Ford-Pilot Mitch Guthrie gaangen, deen déi 421 Kilometer ronderëm Al-'Ula dominéiert huet. Och déi zweet Plaz ass mam Martin Prokop un e weidere Pilot vu Ford gaangen an Drëtten ass de Guy Botterill op engem Toyota Hilux ginn. Anescht wéi nach e Méindeg, wou 5 Toyotaen an d’Topp5 gefuer waren, huet et en Dënschdeg bis op de Botterill keen dovun an d’Topp10 gepackt.

Am General gëtt duerch d’Resultat vun der 3. Etapp also alles op d’Kopp gestallt. Un der Spëtzt läit elo de Gewënner vum Dag Mitch Guthrie. Duerno kommen de Martin Prokop, de Mattias Ekström, de Carlos Sainz an den Nani Roma. Am Ganze leie fënnef Ford-Piloten op de fënnef éischte Plazen.

Wéi ass et de Bridder Munster ergaangen?

© Charles Munster

De Lëtzebuerger Charles Munster an de Xavier Panseri op KTM X-Bow hu sech en Dënschdeg op der 107. Plaz klasséiert a falen am General doduerch zréck op Plaz 72. D’Resultat vu sengem Grégoire Munster ass aktuell nach net bekannt. Am offiziellen Timing sinn hien a säi griichesche Pilot Jourdan Serderidis weder am Klassement, nach bei den Ausfäll vum Dag ze fannen.

Éischt Plaz fir Honda

Bei de Motorrieder konnt sech den Tosha Schareina duerchsetzen. Zesumme mat sengem amerikaneschen Teamkolleeg Ricky Brabec konnt de Spuenier fir Honda eng Duebelvictoire feieren. Drëtten op der drëtter Etapp ass den Daniel Sanders ginn, dee mat senger KTM weider un der Spëtzt vum Generalklassement läit.

Wéi geet et weider?

E Mëttwoch ass déi 4. Etapp en Deel vun enger Marathon-Etapp. Fir d’Autoe sti 451 Kilometer Spéciale um Programm, bei de Motorrieder sinn et 417 Kilometer. Muer den Owend mussen d’Fuerer an engem Zeltlager iwwernuechten, ouni Ënnerstëtzung vun hiren Teams.

Back to Top
CIM LOGO