5. Etapp vum Rallye DakarMitch Guthrie wënnt virun zwee weidere Ford-Piloten

Tom Nols
Den Amerikaner huet sech seng zweeten Etappevictoire geséchert. De Belsch-Lëtzebuerger Charles Munster kënnt als 54. un.
Fir Ford gouf et um Donneschdeg eng Duebelvictoire ze feieren
Fir Ford gouf et um Donneschdeg eng Duebelvictoire ze feieren
© JULIEN DELFOSSE/DPPI via AFP

Um Donneschdeg war et den zweeten Deel vun enger sougenannter Marathon-Etapp an de Mitch Guthrie war no 371 Kilometer dee Séiersten. Eigentlech war säi Ford-Teamkolleeg Nani Roma véier Sekonne méi séier am Zil, mä well dësen eng Minutt an 10 Sekonnen Zäitstrof krut, war den Amerikaner um Enn den Etappegewënner. De Ford-Podium gouf komplettéiert vum Martin Prokop. Leader am General ass weider den Toyota-Pilot Henk Lategan, dräi Minutten a 17 Sekonne virum Nasser al-Attiyah op sengem Dacia.

Just nach ee vun de Munster-Bridder um Depart

De Belsch-Lëtzebuerger Charles Munster op KTM X-Bow gëtt dee 54. a verléiert 32 Minutten a 37 Sekonnen op de Vainqueur vum Dag. Si wiere virsiichteg ënnerwee gewiescht, sou de Charles Munster, fir duerno manner Aarbecht ze hunn um Auto. Trotz engem fréie Platten an 100 Kilometer hannert engem Camion, hätte si d’Situatioun gutt gemeeschtert. Am General stinn hien a säi franséische Copilot Xavier Panseri aktuell op der 49. Plaz. Säi Brudder Grégoire Munster, Copilot vum Griich Jourdan Serderidis, hat mussen opginn, nodeems si en Dënschdeg e schroen Accident haten.

De Charles Munster ass zefridde mat senger Leeschtung
De Charles Munster ass zefridde mat senger Leeschtung
© Simon Bauchau

Spannend Motorradscourse

Bei de Motorrieder war d’Victoire fir de Luciano Benavides. Den argentinesche KTM-Fuerer hat no 356 Kilometer eng Avance vu knapp véier Minutten. Säin australeschen Teamkolleeg Daniel Sanders huet mat senger drëtter Plaz erëm d’Spëtzt am General kënnen iwwerhuelen a läit elo zwou Minutten an zwou Sekonne virum amerikaneschen Honda-Pilot Ricky Brabec, deen en Donneschdeg dee Fënnefte ginn ass.

E Freide stinn 300 Kilometer um Programm, déi d’Konkurrente gréisstendeels duerch Düne féiere wäert.

Back to Top
CIM LOGO