Rallye DakarHenk Lategan neie Leader am General, Charles Munster verbessert sech op Plaz 55

Tom Nols
De südafrikaneschen Toyota-Pilot huet e Mëttwoch dominéiert. De Belsch-Lëtzebuerger Grégoire Munster ass no engem Accident en Dënschdeg net méi ugetrueden.
Den Henk Lategan huet d'Etapp vum Dag gewonnen an ass neie Leader am General
Den Henk Lategan huet d’Etapp vum Dag gewonnen an ass neie Leader am General
© KIN MARCIN/Red Bull Content Pool via AFP

Iwwer 452 Kilometer Spéciale ass et e Mëttwoch ronderëm Al-'Ula gaangen. Gewonnen huet den Henk Lategan. Den australeschen Toyota-Pilot hat um Enn vum Dag eng Avance vu siwe Minutten an dräi Sekonnen op de Nasser al-Attiyah op Dacia. Béid Pilote leien och elo vir am Generalklassement. De Lategan huet aktuell eng Avance vun dräi Minutten a 55 Sekonnen op den al-Attiyah. Ausgefall wéinst technesche Problemer u sengem Toyota ass dogéint de Gewënner vun 2025 Yazeed al-Rajhi.

Out fir de Grégoire Munster

De belsch-lëtzebuergesche Rallyepilot ass en Dënschdeg op der drëtter Etapp ausgescheet. Zesumme mat sengem griichesche Pilot Jourdan Serderidis huet hie sech, no engem technesche Problem un hirem Ford Raptor, puermol iwwerschloen. Blesséiert huet sech glécklecherweis keen, mä et war den Out fir den Equipage. Well si an der Wüst kee Reseau haten, konnte si net op Messagen äntweren. Réischt no 13 Stonne hu si eng Strooss fonnt, fir zréck an de Biwak ze kommen. Um offizielle Site vun der Dakar Rallye stoung den Equipage och e Mëttwoch de Moien nach ëmmer net an der Rubrik vun den Ausfäll.

Dem Grégoire säi Brudder Charles Munster huet sech um KTM X-Bow op der véierter Etapp als 48. klasséiert. Op der Arrivée hate si e Réckstand vun enger Stonn a 55 Sekonnen. Am General huet hie sech zesumme mat sengem franséische Copilot Xavier Panseri vun der 72. op déi 55. Plaz verbessert.

Honda-Duo virop bei de Motorrieder

D’Motorradsfuerer haten e Mëttwoch 417 Kilometer Spéciale ze bewältegen. Séierste vum Dag war erëm den Tosha Schareina. Fir de Spuenier war et schonn déi véierten Etappevictoire. Zesumme mat sengem Honda-Teamkolleeg Ricky Brabec läit hien un der Spëtzt vum General. Drëtten, op eng Minutt a 24 Sekonnen, ass den australesche KTM-Pilot Daniel Sanders, deen haut dee Fënnefte ginn ass.

Um Enn vun dëser véierter, sougenannter “Marathon"-Etapp hunn d’Pilote kee Support vun hiren Teams. Si wäerten an engem minimalistesche Camp iwwernuechten, ouni d’Méiglechkeet, gréisser Reparaturen duerchzeféieren. Réischt um Enn vun der fënnefter Etapp, déi en Donneschdeg iwwer 371 Kilometer Spéciale vu Al-'Ula op Hail wäert féieren, dierfen d’Ekippe sech erëm ëm d’Gefierer vun hire Pilote këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO