
Vum 17. bis 19. Oktober ass de Steve Jans mat sengem Teamkolleege Aaron Walker bei der Finall vun der International GT Open zu Monza ugetrueden, dëst mam Zil sech den Titel ze sécheren. Am Mercedes-AMG GT3 EVO huet de Lëtzebuerger eng staark Leeschtung gewisen a bis zum Schluss ëm de Pro-Am-Titel gekämpft, deen hie just knapps verpasst huet.
No engem gudde Qualifying ass den Duo vun der Pole-Position an der Pro-Am-Klass gestart. Schonn an der éischter Kéier koum et awer zu Chaos, wou si d’Féierung verluer hunn. De Jans konnt sech erëm no vir schaffen, an de Walker huet nom Fuererwiessel d’Spëtzt zeréck eruewert.
En zousätzleche Boxestopp fir Reparaturen un der Front huet hinnen duerno wichteg Punkte kascht, an de Mercedes-AMG huet misse eng Stonn virum Schluss ofgestallt ginn.

Trotz der Enttäuschung huet de Steve Jans d’Saison als Vize-Meeschter ofgeschloss – mat 4 Victoiren (zu Spa, Hockenheim, Budapest a Barcelona) an 3 Podiumsplazen (zu Portimão, Paul Ricard an um Red Bull Ring). Hien huet 89 Punkte gesammelt.
Och ausserhalb vun der GT Open huet de 36-Järegen eng exzellent Saison gehat:
De Steve Jans gëtt den 21. November zu Affalterbach fir seng Leeschtunge geéiert. Trotz enger Finall, ouni den erhofften Happyend, bleift et eng erfollegräich Saison fir de Lëtzebuerger Pilot.
