
D'Basketballspillerin Heidi Burge ass dout. D'US-Amerikanerin, déi 1998 mam Stater Racing d'Coupe gewonnen huet, ass de 6. Oktober am Alter vu 54 Joer gestuerwen. Dat deelt de Veräin op Facebook mat.
Nieft dem Racing huet d'Heidi Burge och a Frankräich, Ungarn, Italien, Griicheland an an der amerikanescher Frae-Profi-Liga WNBA Basket gespillt.
Genee wéi hir Zwillingsschwëster Heather, déi och professionell Basket gespillt huet, war d'Heidi Burge 1.96 Meter grouss. 1991 goufen déi zwee vum Guiness-Buch vun de Weltrekorder als déi gréisste weiblech Zwillingen op der Welt unerkannt. De Wee vun deenen zwee an de Profibasket gouf 2002 am Disney-Film "Double Teamed" noerzielt.
D'Heidi Burge hannerléisst e Partner an zwee Kanner.