
Op der AG am Mee hunn d'Veräiner eng nei Reegel fir NON-JICL-Spiller gewielt, déi e groussen Impakt op d'Stäerkt vun den Ekippe wäert hunn. Vun der Saison 2026/27 dierfe just nach 2 NON-JICL-Spiller pro Ekipp um Terrain stoen. Beim Champion Etzella Ettelbréck bedeit dëst, dass de Billy McDaniel oder den Thomas Henkel nëmmen nach begrenzt Asazzäit kënne kréien, well déi 2 Profispiller ganz dacks kaum op der Bänk sëtzen. Den Nationalspiller Philippe Gutenkauf ass trotzdeem optimistesch, dass den Titel eng drëtte Kéier noeneen op Ettelbréck kéint kommen: "Et ass schued, dass de Billy oder den Thomas net méi sou vill Asazzäit kréien, den Niveau an der Liga geet doduerch insgesamt kloer biergof. Donieft wäert den Ënnerscheed tëschent den Ekippen nees vill méi grouss ginn. Mir hu genuch Jongen an der Ekipp, déi elo wäerten eng méi grouss Roll spillen. Et wäerten déi Ekippe profitéieren, déi an de leschte Jore gutt Jugendaarbecht gemaach hunn, mir hu mam Marvin Delgado e jonke Spiller, deen e grousse Sprong gemaach huet an dee sécherlech säi Potential ka weisen dës Saison."
Wie sinn dann niewent dem Champion Ettelbréck déi stäerksten Ekippen an der Enovos League? Op déi Fro huet de "Sticky", wéi de Philippe Gutenkauf genannt gëtt, follgend Äntwert: "Diddeleng, Fiels a Steesel gesinn ech niewent eis ganz uewen an der Tabell."
Et wäert interessant ginn, fir ze gesinn, wéi eng Ekippe sech kënnen am Laf vun der Saison an Zeen setzen. Sécher ass, dass vill Ekippe sech nei fanne mussen, dat nodeems si d'lescht Saison nach op 4 NON-JICL-Spiller um Terrain gezielt hunn. D'Sparta Bartreng huet sécherlech interessant Potential am Kader a wëll ënner dem Impuls vum wäertvollste Spiller vun der leschter Saison, dem Max Logelin, ganz uewen ugräifen.
Fir aner Clibb ass d'Haaptzil iergendwéi ënner d'Topp-8-Ekippen ze kommen, fir näischt mam Ofstig ze dinn ze hunn. Genee wéi déi lescht Jore geet et no der regulärer Saison mat de Playoffs weider, wou déi 8 bescht Ekippen a Serië géinteneen untrieden. Am Playdown kämpfen déi 4 schwächst Ekippe géint den Ofstig.

Déi zwee Opsteiger Zolwer an de Gréngewald musse sech an der ieweschter Divisioun beweisen, Zolwer ass iwwregens déi eenzeg Ekipp, déi mat engem Lëtzebuergeschen Trainer (Eric Bettini) an d'Saison start. Donieft muss eng Ekipp wéi d'Kordall Steelers weisen, dass een och ouni 4 auslännesch Spiller um Terrain seng Plaz an der Enovos League verdéngt huet.
Wéi séier Ekippe kënnen ënner Drock geroden, huet een an der Saison 2025/26 gesinn, wéi 5 Clibb den Trainer an der Enovos League bei den Häre scho bis Ufank Dezember gewiesselt haten. Um éischte Spilldag spillt de Champion Ettelbréck auswäerts bei de Kordall Steelers, de Vize-Champion Sparta Bartreng huet den Opsteiger Zolwer op Besuch.
D'Matcher kënnt Dir nees an der RTL Live Arena kucken.