No 2020 ka sech de Steve Fries och an dësem Joer den Titel bei de Masters zu Harlange sécheren.

Um Samschdeg goufen am nationale Championnat zu Harlange d'Coursse vun de Minimes, Cadets, Debutants a Masters gefuer. Bei de Minimes Meedercher geet den Titel un d'Amy Breuer a bei de Jongen un de Matt Esser.

Séierst Cadette war d'Kylie Bintz. Bei de Jonge geet deen Titel un den Flavio Astolfi.

Séierst Débutantes war d'Anouk Schmitz an den Olivier Korva ass bei den Débutants als Éischten iwwer de wäisse Stréch gefuer.

Bei de Masters geet den Titel un de Steve Fries.

Resultater am Iwwerbléck

Masters

1) Steve Fries
2) Pascal Maquet
3) Manuel Micolino

Minimes Meedercher

1) Amy Breuer
2) June Nothum
3) Enny Philippart

Minimes Jongen

1) Matt Esser
2) Ben König
3) Ben Fleming

Cadets Meedercher

1) Kylie Bintz
2) Lena Lallemang
3) Sarah Mousel

Cadets Jongen

1) Flavio Astolfi
2) Arnaud Noirhomme
3) David Loschetter

Débutants Jongen

1) Oliver Korva
2) David Lang
3) Finn Ury

Débutants Meedercher

1) Anouk Schmitz
2) Gwen Nothum