Tour de France: 18. EtappDe Richard Carapaz gewënnt aus der Echappée eraus

Charel Meyers
Den Ecuadorianer gewënnt fir déi zweete Kéier a senger Karriär eng Etapp am Tour de France.
© LOIC VENANCE/AFP

Den Ecuadorianer Richard Carapaz setzt sech op dëser schwéierer 18. Etapp vu Voiron op Orcières-Merlette aus der Echappée eraus en soltaire duerch. Hie gewënnt mat enger Avance vu 45 Sekonne virum Mauro Schmid an dem Matteo Jorgenson. De Peloton ëm de Giele Maillot koum mat engem gréissere Réckstand op d'Arrivée. Am Generalklassement gouf et um Donneschdeg keng Ännerungen un der Spëtzt.

Den Alex Kirsch ass als 147. op iwwer 30 Minutten ukomm. Am General ass de Lëtzebuerger den 127..

Tour de France: 18. Etapp - leschte Kilometer am Replay

185,2 Kilometer an 3.900 Héichtemeter goufen et op dëser 18. Etapp bei der Grande Boucle ze iwwerwältegen. Vum Depart aus hu sech d'Coureuren näischt geschenkt an et gouf konstant attackéiert. No der éischter Schwieregkeet vum Dag, der Côte d'Engin vun der éischter Kategorie, hat sech e Grupp vu 7 Coureuren ofgesat. Mat dobäi war alt erëm de grénge Maillot Mads Pedersen. Hannendru goufen et weider Konterattacken an eng weider 7 Coureuren hate sech der Spëtzt ugeschloss. De Sprinter huet sech wichteg Punkte fir de grénge Maillot beim Tëschesprint geholl.

Duerno hat sech de Grupp un der Spëtzt nach emol gedeelt. An esou koumen nëmmen nach 6 Coureure fir d'Victoire a Fro. Aus dem deziméierte Spëtzegrupp huet sech um Enn de Richard Carapaz no 185 Kilometer duerchgesat. Am Generalklassement bleift den Tadej Pogacar weiderhin am Giele Maillot.


D'Resultater


Den Tour de France 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO