Am Tour de France huet e Samschdeg de Wout van Aert déi 8. Etapp gewonnen. No 186 Kilometer tëscht Dole a Lausanne war de Belsch dee Stäerksten uewen aus op der Côte du Stade Olympique (4,6 km laang an am Schnëtt 4,8 Prozent géi). Am Sprint huet hie sech virum Michael Matthews an dem Mann am Maillot Jaune Tadej Pogacar duerchgesat. Fir de van Aert ginn et domadder weider wichteg Punkten an der Lutte ëm de grénge Maillot.
Eng ganz staark Leeschtung huet de Bob Jungels gewisen. De Lëtzebuerger aus mat ëm d’Victoire gesprint an ass um Enn als 9. iwwert d’Arrivée gefuer. De Kevin Geniets hat eng 3,5 Kilometer seng Aarbecht vum Dag gemaach an hat sech aus dem Grupp vun de Favoritten zeréckfale gelooss. Als 67. huet hien dräi Minutten an 10 Sekonne verluer.
Den Tadej Pogacar huet am General eng Avance vun 39 Sekonnen op de Jonas Vingegaard an eng Minutt 14 op den Geraint Thomas. De Bob Jungels ass de 24. op sechs Minutten an 52 Sekonnen. De Kevin Geniets huet als 58. e Réckstand vun 21 Minutten a 24 Sekonnen.
E Réckschlag gouf et virum Depart vun der 8. Etapp fir d’Ekipp UAE ronderëm de Maillot Jaune. Den Norweger Vegard Stake Laengen gouf positiv op de Coronavirus getest. Hie gouf direkt vu sengem Team isoléiert. Wéinst Corona ass och net méi den Geoffrey Bouchard (AG2R-Citroën) dobäi. De Fransous hat sech scho wärend der Etapp net wuel gefillt, beim Stake Langen waren éischt Symptomer no der Biergarrivée e Freideg opgetrueden.
