Am RTL-InterviewGeorges Engel wëll eng Etapp vum Tour de France an de Grand-Duché kréien
Am RTL-Interview sot de Sportminister e Méindeg, datt hien deemnächst dem Regierungsrot wäert proposéieren, eng Etapp vum TdF an de Grand-Duché ze kréien.
Verëffentlecht: 11.07.22 08:07, Update: 11.07.22 10:29
De Sportminister sot, datt d‘Victoire vum Bob Jungels och dofir extrem wichteg wier an dësen Exploit ee gudden Ustouss wier, fir esou eng Etapp zu Lëtzebuerg ze realiséieren.
De Georges Engel
2017 war d'Grande Boucle fir déi leschte Kéier am Land, deemools goung déi 4. Etapp vu Munneref aus fort.