UCI WeltmeeschterschaftenWie fiert mat op d'WM an Australien? D'FSCL huet d'Nimm verëffentlecht

RTL Lëtzebuerg
Vum 17.-25. September sinn zu Wollongong an Australien d'Weltmeeschterschaften an den Disziplinnen Strooss an Zäitfueren.
© AFP

Eng éischte Kéier gëtt hei och den Titel an der Kategorie vun den U23-Damme verginn.

D’FSCL geet mat folgenden Athlet/innen an Australien un den Depart:

Männer - Junior

Mathieu Kockelmann (CLM + Strooss)
Mil Morang (Strooss)

Dammen - U23

Nina Berton (Strooss)

Männer - U23

Arthur Kluckers (Strooss)
Cédric Pries (Strooss)
Mats Wenzel (Strooss)
Rafael Pereira Marques (Strooss)
Tom Paquet (Strooss)

Dammen - Elite

Christine Majerus* (Strooss)

Männer - Elite

Bob Jungels (Strooss)
Kevin Geniets (Strooss)
Colin Heiderscheid (Strooss)
Luc Wirtgen (Strooss)

Encadréiert ginn d’Athlet/inne vum Christian Helmig, dem Heiko Lehmann, dem Jempy Drucker, grad ewéi de Physiotherapeuten Isabelle Origer, Aaron Ashdown an Daniel Van der Laan. Als Mechaniker sinn de Raphael Kockelmann an de Kieran Gaskin mat dobäi. Och de Fränk Schleck ass mat op der Plaz, fir d’Ekipp z’ënnerstëtzen, grad ewéi de Camille Dahm an den Ed Buchette.

*Ob d’Christine Majerus un den Depart ka goen, ass éischter ongewëss. Um Donneschdeg am Nomëtteg koum d’Nouvelle, dass et elo awer misst un der Schëller operéiert ginn. D’Operatioun ass fir e Freideg zu Maastricht geplangt. D’Doktere kënnen nach net soen, wéi laang et wäert daueren, bis d’Christine Majerus nees fit ass.

Back to Top
CIM LOGO