
Um 2 Auer an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg start de Ralph Diseviscourt bei der 24 Stonne-Weltmeeschterschaft zu Borrego Springs an den USA. No der Race Across Belgium an der Race Across France ass et de leschte grousse Rendez-vous fir den Extrem-Coureur fir dëst Joer.
Band iwwer de Marc Diseviscourt 24-Stonne-WM
No senge 24-Stonne-Weltrekorden an de leschte Jore fiert de Ralph Diseviscourt elo d'24-Stonne-Course géint aner Konkurrenten. D’Course wäert gréisstendeels op engem 28 Kilometer laange Circuit stattfannen. Déi lescht puer Stonne wäerte sech allerdéngs op engem méi klenge Circuit ofspillen. “Et gëtt och a Welle gestart, den Drafting ass awer net erlaabt. Dat heescht, et däerf een net am Wandschied vun engem anere Konkurrent fueren.”
Eng gréisser Schwieregkeet gëtt et net um Circuit. De gréisste Problem kéint dee vum Wieder sinn. Am Dag waarm an an der Nuecht kal. “Entgéint deem, wat ee kéint mengen, ass d’Temperatur relativ staark gefall an de leschte Wochen. Den Dag vun der Course sinn am Dag 20 bis 25 Grad gemellt. An der Nuecht sollt et carrement ofkille bis op 5 Grad. Do wäert et schwéier ginn, déi richteg Kleeder ze wielen. Do wäert deen een oder anere Stopp néideg sinn.”
Normalerweis huet de Ralph Disevsicourt eng gréisser Crew dobäi, wann hien un den Depart vu sengen Extrem-Coursse geet. Dat ass zu Borrego Springs awer elo net de Fall. Seng Fra a seng Meedercher sinn zoustänneg fir de Ravi. “Et ass just eng Zon fir Ravitaillement virgesinn. Et ass also net néideg, fir mat engem grousse Staff ugereest ze kommen. Op der Streck selwer kann ee kee Support kréien. Et ass alles limitéiert, op déi kleng Zone de Ravitaillement.”
Nieft dem Ralph Disevsicourt geet aus Lëtzebuerger Siicht och nach de Romain Possing un den Depart vun der 24-Stonne Weltmeeschterschaft.