Den 1. Juli fänkt déi 110. Editioun vum Tour de France un an esou lues fänken déi verschidden Ekippen un, hir Selektiounen ze annoncéieren.

Aus Lëtzebuerger Siicht gouf den Dënschdeg den Owend den éischte Coureur confirméiert. De Kevin Geniets ass fir seng Franséisch Ekipp eng zweete Kéier bei der Grande Boucle dobäi.

Kevin Geniets TdF / Rep. Frank Hippert

Nom Critérium du Dauphiné ass et fir de Kevin Geniets direkt nees an de Stage an d'Héicht gaangen. Zesumme mam David Gaudu an dem Valentin Madouas ass de Lëtzebuerger zu Tignes a Frankräich.

Am Dauphiné konnt den iwwer 1,90 Meter grousse Profi sech als 29. klasséieren, nom Stage op Teneriffa waren d'Been fir den Optakt nach schwéier, dat huet sech awer mat den Deeg geännert.

Fir de Leader vun der Ekipp, den David Gaudu, war et beim leschten Test nach net zum Beschte gelaf. Den Tour-Véierte vun 2022 konnt an de Bierger net mat deene Beschte mathalen an dierft sech sou munch Froe stellen, ob d'Form fir den Tour wäert do sinn. De Kevin Geniets wäert virum Tour nach hei zu Lëtzebuerg um Championnat ze gesi sinn, dat awer nëmmen an der Stroossecourse.

Nieft dem Kevin Geniets sinn d'Chancë grouss, datt aus Lëtzebuerger Siicht och nach den Alex Kirsch an de Bob Jungels vun hiren Ekippe fir d'Grande Boucle selektionéiert ginn.