Op der Kinneksetapp vun der 86. Tour de Suisse ass et hannert de Favoritten zu engem uergen Tëschefall komm.

Wéi d'Organisateure matgedeelt hunn, si knapp 15 Kilometer virun der Arrivée an der Descente vum Albulapass de Magnus Sheffield (USA/Ineos Grenadiers) an de Schwäizer Gino Mäder (Bahrain Victorious) bei "ganz héijer Vitess" gefall. Wärend de Sheffield uspriechbar war, huet de Mäder op der Plaz misse reaniméiert ginn.

"Den Gino Mäder war net uspriechbar, gouf op der Plaz reaniméiert an duerno mam Helikopter an d'Klinick Chur transportéiert", sou seng Ekipp Bahrain Victorious en Donneschdeg den Owend. Wéi uerg d'Blessure vum Coureur sinn, ass aktuell nach net gewosst. Een Update géif ee verëffentlechen, soubal et nei Informatioune ginn, heescht et nach am Schreiwes vun der Ekipp.

Den Dokter vun der Course wier bannent zwou Minutten op der Plaz gewiescht, sou den Tour-Direkter Olivier Senn en Donneschdeg Owend géintiwwer Schwäizer Medien.

De Sheffield huet sech bei der Chute net esou uerg blesséiert.

Evenepoel mécht Tour-Responsabele Reprochen

Wärend der Descente gouf bei verschiddene Coureuren deels eng Vitess vun 100 km/h gemooss. De belsche Coureur Remco Evenepoel huet d'Chute vum Magnus a vum Sheffield materlieft. Hien huet duerno déi Responsabel vun der Course kritiséiert: "Dat war keng schlau Iddi, d'Arrivée vun esou enger der Etapp no enger Descente ze placéieren. Mä et brauch ee wuel ëmmer nach méi Spektakel. Et muss wuel einfach eppes passéieren, fir datt ee reagéiert".