Doublé fir den Alex Kirsch

De Podium vun der Elite mat Kontrakt / © FSCL / Facebook
De Coureur vun Trek-Segafredo huet sech nom Zäitfueren och den Titel an der Stroossecourse geséchert. Bei den Damme goung den Titel un d'Christine Majerus.
Zu Berbuerg war e Sonndeg de leschten Dag vum Lëtzebuerger Championnat am Cyclissem.
Bei den Häre konnt den Alex Kirsch am Nomëtteg säin éischten nationale Championstitel feieren. Den 31 Joer ale Lëtzebuerger hat sech och schonn am Zäitfueren duerchgesat a konnt domat den Doublé realiséieren. De Podium bei der Elite mat Kontrakt gëtt vum Michel Ries an dem Mats Wenzel komplettéiert, déi allebéid mat engem Retard vun 31 Sekonnen op de Gewënner iwwer d'Ligne d'arrivée fueren.
Déi héich Temperaturen hunn et de Coureuren net einfach gemaach. Sou huet de Kevin Geniets an der Mëtt vun der Course mussen opginn.
An der Kategorie vun der Elite ouni Kontrakt huet sech den Tim Diederich géint säi Co-Equipier Ken Conter an den Noé Ury duerchgesat.
E Sonndeg de Moie goufen déi nei Championen an der Stroossecourse bei de Junioren an den Damme gesicht.
Bei den Damme konnt sech d'Christine Majerus nees de Rout-Wäiss-Bloen-Trikot sécheren. Si huet sech no 79 Kilometer am Sprint virum Nina Berton an dem Marie Schreiber behaapt. D'Gwen Nothum war mat Majerus, Berton a Schreiber an de leschten Tour gaangen, huet do awer misse lassloossen. Um Enn gëtt d'Coureuse vum CT Atertdaul déi 4. mat ronn 30 Sekonne Retard a séchert sech den Titel bei de Juniorinnen. Vize-Championne bei de Juniorinne gëtt d'Anouk Schmitz. Si hat e Réckstand vu ronn 5 Minutten op d'Christine Majerus.
D'Isabelle Klein ass iwwerdeems Championne bei der Elite ouni Kontrakt ginn.
Bei de Juniorenhuet den Oliver Korva der Course de Stempel opgedréckt. De Coureur vun Dippech huet sech en solitaire de Meeschtertitel geséchert. Hie war och schonn emol Champion bei den Debutanten. Ëm d'Plazen 2 an 3 gouf et e Sprint tëscht dem Noa Berton, dem Alex Kerrens an dem Fynn Ury. Um Enn huet sech den Noa Berton Sëlwer geséchert an de Fynn Ury Bronze. Si haten no 95 Kilometer e Réckstand vu 5 Minutten a 46 Sekonnen.