E Samschdeg ass et op enger hiwweleger Etapp iwwer 200 Kilometer vu Libourne op Limoges gaangen. Dobäi koum et zu enger Etappevictoire vum Mads Pedersen.

D'Decisioun ëm d'Victoire an der 8. Etapp vum Tour de France sollt e Samschdeg de Mëtten am Sprint falen. An dësem konnt sech den Dän Mads Pedersen virum Belsch Jasper Philipsen duerchsetzen. De Podium vun der Etapp gëtt iwwerdeems vum Wout van Aert komplettéiert. Allen dräi si se mat der selwechter Zäit iwwert d'Arrivée gefuer. De Mark Cavendish huet sech no enger Chute iwwerdeems missen aus dem Tour zeréckzéien.

De beschte Lëtzebuerger ass e Samschdeg de Bob Jungels, deen als 29. op der Arrivée ukomm ass. Duerno kommen de Kevin Geniets an den Alex Kirsch op Plaze 35 an 59 iwwert de wäisse Stréch gefuer. De Bob Jungels an de Kevin Geniets sinn an der selwechter Zäit, wéi de Gewënner Mads Pedersen iwwert d'Ligne d'Arrivée komm. Den Alex Kirsch kënnt mat engem Retard vu 47 Sekonnen un, hat haut awer e wichtegen Undeel un der Etappevictoire vu sengem Coequipier Mads Pedersen:

Interview mam Alex Kirsch

Am General bléift bei den Top 3 iwwerdeems alles beim Alen. D'Lëtzebuerger verbessere sech dogéint alleguer am General. Hei steet de Bob Jungels no e Samschdeg op der 33. Plaz, de Kevin Geniets op der 44. an den Alex Kirsch op der 113. Plaz.

Resumé vun der Etapp

172 Coureure sinn e Samschdeg de Mëtten nach un den Depart zu Libourne gaangen. Bei 30 Grad ass et dobäi direkt spannend lassgaangen: An der Ufanksphas ass et zu enge sëllegen Attacke vu Coureuren aus dem Peloton komm, mä dës konnten ëmmer nees relativ séier vun engem Peloton, deen op all Attack gutt reagéiert huet, agefaange ginn. Hei ass virun allem de Lëtzebuerger Coureur Alex Kirsch positiv opgefall, deen am Peloton den Toun uginn huet a säin Deel dozou bäigedroen huet, datt d'Lächer vum Peloton zougefuer konnte ginn.

No 30 gefuerene Kilometer konnt sech allerdéngs eng Grupp mat dräi Coureuren duerch d'Bascht maachen. Mat Declercq, Delaplace an Turgis hate sech erfuere Coureuren ofgesat, déi am weidere Verlaf vun der Course dem Peloton dervu gefuer sinn. Tëschenzäitlech hat d'Echappée ëm dës dräi Coureuren eng Avance vu knapp 5 Minutten op de Peloton.

Doropshin ass den Ecart tëscht der Echappée an dem Peloton awer ëmmer méi kleng ginn. No 140 gefuerene Kilometer war d'Avance da just nach 2 Minutten a 45 Sekonnen an de Peloton huet d'Vitesse weider erhéicht, soudatt d'Avance lues awer sécher geschmolt ass.

62 Kilometer virun der Arrivée ass et dunn zu enger Chute komm an déi och de brittesche Sprinter Mark Cavendish verwéckelt war. Dësen huet sech dobäi esou uerg blesséiert, datt hien d'Etapp an domadder och den Tour de France nach op de Plaz huet missen opginn. Domadder wäert een de Mark Cavendish wuel net méi um Tour de France matfuere gesinn, esou hat hie virum Tour ugekënnegt, datt dës Participatioun wuel seng leschte wäert sinn.

Am Peloton huet sech an den nächste Kilometer allerdéngs net méi vill gedoen. D'Vitesse war héich an et huet ee probéiert, den Uschloss un d'Echappée ze fannen. Esou goufe bannent 40 Kilometer ganzer dräi Minutte vum Peloton op d'Echappée opgeholl. 37 Kilometer virun der Arrivée huet dunn den Dän Asgreen aus dem Peloton raus ugegraff a sech relativ séier eng Avance vun 30 Sekonnen op de Peloton erausgefuer. 20 Kilometer virun der Arrivée konnt den Asgreen dunn awer nees vum Peloton agefaange ginn

An deene leschte 16 Kilometer virun der Arrivée stoungen nach zwou Montéeë vun der véierter Kategorie um Programm, wat d'Course nach eng Kéier spannend maache sollt. An dëse Montéeë konnt de Peloton ëmmer méi op d'Echappée ophuelen, déi sech an der leschter Montée esouguer ganz opgeléist huet. Just den Turgis konnt sech distanzéieren, mä och dëse gouf 8 Kilometer virun dem wäisse Stréch vum Peloton geschléckt, soudatt d'Decisioun ëm d'Victoire am Sprint fale sollt. An dësem konnt sech den Dän Mads Pedersen virum Belsch Jasper Philipsen duerchsetzen. Als Drëtte koum dann nach de Belsch Wout van Aert iwwert de wäisse Stréck gefuer. Alleguer si se mat der gläicher Zäit ukomm.

D'Klassement vun der Etapp

1 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 4:12:26
2 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Deceuninck ,,
3 VAN AERT Wout Jumbo-Visma ,,
4 GROENEWEGEN Dylan Team Jayco AlUla ,,
5 EEKHOFF Nils Team dsm - firmenich ,,
6 COQUARD Bryan Cofidis ,,
7 DE BUYST Jasper Lotto Dstny ,,
8 TILLER Rasmus Uno-X Pro Cycling Team ,,
9 STRONG Corbin Israel - Premier Tech ,,
10 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates ,,
...
29 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe ,,
35 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
59 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0:47

De General

1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 34:09:38
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:25
3 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 1:34
4 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 3:30
5 YATES Adam UAE Team Emirates 3:40
6 YATES Simon Team Jayco AlUla 4:01
7 GAUDU David Groupama - FDJ 4:03
8 BARDET Romain Team dsm - firmenich 4:43
9 PIDCOCK Thomas INEOS Grenadiers ,,
10 KUSS Sepp Jumbo-Visma 5:28
...
33 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 28:53
44 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 43:25
113 KIRSCH Alex Lidl - Trek 1:23:34