En Dënschdeg goung et op der 10. Etapp vum Tour de France iwwer 167,5 Kilometer vun Vulcania op Issoire.

Op enger wallonéierter Etapp am massif central konnt sech um Ënn de Spuenier Pello Bilbao duerchsetzen. Am General konnt hien op déi 5. Plaz am General klammen, an de Spëtzepositiounen huet sech soss näischt geännert.

D'Etapp sollt sech um Ënn op de leschte 5 Kilometer decidéieren. Déi lescht 4 Kilometer hat de Krists Neilands nëmmen nach 4 Sekonnen op de Grupp Bilbao, O'connor, Pedrero, Zimmermann a Chaves. De Ben O'Conner huet als Éischte seng Chance gesicht, konnt awer net duerchzéien. Bei der Konterattack vum Georg Zimmermann konnt nëmmen de Pello Bilbao nosetzen, deen och op de leschte Meter déi beschte Been hat. De Bilbao huet virum Zimmermann gewonnen, 3. gëtt de Ben O'connor.

Tour de France: 10. Etapp (Resumé)
Op enger wallonéierter Etapp am massif central konnt sech um Ënn de Spuenier Pello Bilbao duerchsetzen.

Resumé vun der Etapp

Nom Roudag konnt ee sech eng "nervös" Etapp erwaarden, grad och wëll de Profil enger Echappée an d'Kaarte gespillt huet. D' Etapp iwwer knapp 170 Kilometer ass vu Vulcania op Issoire gefuer ginn. Nieft dem schwieregen Terrain hunn och déi waarm Temperaturen d'Course schwéier gemaach. Déi éischt Stonn ass extrem séier gefuer ginn, esou konnte sech esouguer déi zwee grouss Favoritten Tadej Pogacar a Jonas Vingegaard vun den anere Klassementsfuerer wärend enger kuerzer Zäit ofsetzen.

83 Kilometer virun der Arrivée ass den Estaban Chavez als Éischten iwwert d'Côte de Saint-Victor-la-Rivière gefuer, e Bierg vun der 3. Kategorie. De Kolumbianer hat eng Avance vu 40 Sekonnen op ee gréissere Grupp, mat ënnert anerem dem Fransous Julien Alaphilippe, dem Ben O'connor oder och dem Pello Bilbao Lopez. Am Grupp vum giele Maillot huet Jumbo-Visma den Tempo héich gehalen. Op de Chavez hat een e Retard vu knapp 3 Minutten 30.

Nom Biergpräis konnt den Esteban Chaves agefaange ginn, un der Spëtzt ware 14 Coureuren. D'Avance vun der Echappée huet sech bei ëm déi 3 Minutten agependelt.
An der Live-Emissioun sot de Bob Jungels am RTL-Interview, dass de Roudag um Méindeg gutt gedoen hätt, déi éischt Woch Course wier intensiv gewiescht. Virum Depart vun der 10. Etapp huet de Lëtzebuerger nach drop spekuléiert mat an de Coup vum Dag ze goen.

Ëmmer méi Coureuren hunn den Tempo vum Peloton net méi kënne matgoen, d'Avance vum éischte Grupp ass ëmmer méi geschmolt. Knapp 50 Kilometer virun Ënn huet och am Spëtzegrupp d'Entente net méi esou gutt fonctionéiert. 40 Kilometer viru Schluss hu sech zwee vu sech de Belsch Wout Van Aert an den Hollänner Mathieu Van der Poel aus dem Peloton ofgesat a konnte relativ séier Zäit op d'Coureure vir gutt maachen, dat sollt awer um Ënn kee Succès hunn, an der leschter Schwieregkeet vum Dag gouf een nees agefaangen.

Hannen eraus ass d'Course ëmmer méi schwéier ginn. An der Côte de la Chapelle-Marcousse, engem Bierg vun der 3. Kategorie huet Ineos Grenadiers den Tempo forcéiert. De Krists Neilands ass als éischten uewen iwwert de Sommet gefuer, dat virun engem klenge Grupp mat ënnert anerem O'connor, Bilbao a Chaves. De Peloton hat mat engem Retard vun 3:30 Minutte keng Chance méi ëm d'Etappevictoire mat ze fueren. Fir de Krists Neilands ass et um Ënn ganz enk ginn.

Op RTL Tëlee an op RTL.lu kënnt Dir all d'Etappe vum Tour de France live suivéieren.

D'Klassement vun der Etapp

1 Pello BILBAO LOPEZ DE ARMENTIA - BAHRAIN VICTORIOUS  03h 52' 34'

2 Georg ZIMMERMANN - INTERMARCHÉ - CIRCUS - WANTY + 00h 00' 00''

3 Ben O'CONNOR - AG2R CITROEN TEAM   + 00h 00' 00''

4 K. NEILANDS - ISRAEL - PREMIER TECH  + 00h 00' 00''

5 J. CHAVES - EF EDUCATION - EASYPOST    + 00h 00' 00''

6 A. PEDRERO - MOVISTAR TEAM   + 00h 00' 03''

7 S. JENSEN - LIDL – TREK    + 00h 00' 27''

8 M. KWIATKOWSKI  - INEOS GRENADIERS     + 00h 00' 27''

9 W. BARGUIL - TEAM ARKEA - SAMSIC   + 00h 00' 30''

10 J. ALAPHILIPPE - SOUDAL QUICK-STEP  + 00h 00' 32''

….

28. B. JUNGELS - BORA - HANSGROHE   + 00h 02' 53''

139 A. KIRSCH - LIDL - TREK + 00h 23' 38''  

144 K. GENIETS- GROUPAMA - FDJ  + 00h 23' 38''

De General

1 Jonas VINGEGAARD TJV 38:37:46
2 Tadej POGAČAR UAD +0:17
3 Jai HINDLEY BOH +2:40
4 Carlos RODRÍGUEZ IGD +4:22
5 Pello BILBAO BAV +4:34
6 Adam YATES UAD +4:39
7 Simon YATES JAY +4:44
8 Thomas PIDCOCK IGD +5:26
9 David GAUDU GFC +6:01
10 Sepp KUSS TJV +6:45
...
35 Bob JUNGELS BORA - hansgrohe +40:22
64 Kevin GENIETS Groupama - FDJ + 01h 15' 39''
127 Alex KIRSCH Lidl - Trek + 02h 03' 41''