Jonas Vingegaard deklasséiert Konkurrenz am Contre-la-montre

© AFP
Nom zweete Roudag stoung en Dënschdeg e Contre-la-montre vun 22,4 Kilometer vu Passy op Combloux um Programm.
Kuerz virum Enn vum Contre-la-montre stoung da mat der Côte de Domancy (2,5 Kilometer mat 9,4%) nach e Bierg vun der zweeter Kategorie um Programm. En Dënschdeg waren natierlech zwou Saache ganz intressant. De Kampf ëm d'Victoire an awer och de Kampf ëm de Maillot Jaune. De Jonas Vingegaard hat jo virum Zäitfuere just 10 Sekonnen Avance op den Tadej Pogacar.
An et waren en Dënschdeg dann och genau déi zwee Coureuren, déi déi éischt zwou Plazen ënnert sech ausgemaach hunn. Et war allerdéngs de Mann am Maillot Jaune, deen haut eng richteg staark Performance gewisen huet an d'Konkurrenz richteg deklasséiert huet. Hie wënnt um Enn mat enger Avance vun 1 Minutt an 38 Sekonnen op de Pogacar. Déi drëtt Plaz war mat engem Retard vun 2 Minutten an 51 Sekonne fir de Wout van Aert. Den Alex Kirsch gëtt de 34. op 5 Minutten an 10 Sekonnen, de Bob Jungels den 38. op 5 Minutten an 19 Sekonnen an de Kevin Geniets den 51. op 5 Minutten an 43 Sekonnen.
Domat vergréissert de Jonas Vingegaard seng Avance am General an huet do elo e Virsprong vun 1 Minutt an 48 Sekonnen op de Pogacar. Den Adam Yates ass den Drëtten op 8 Minutten an 52 Sekonnen. Hei ass de Bob Jungels den 29. op 1 Stonn, 38 Minutten a 44 Sekonnen, de Kevin Geniets den 39. op 1 Stonn, 55 Minutten an 38 Sekonnen an den Alex Kirsch den 112. op 3 Stonnen, 46 Minutten an 1 Sekonn.
D'Klassement vun der Etapp
1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:32:36 41.227
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 1:38
3 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 2:51
4 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 2:55
5 YATES Simon Team Jayco AlUla 2:58
6 CAVAGNA Rémi Soudal - Quick Step 3:06
7 YATES Adam UAE Team Emirates 3:12
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 3:21
9 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 3:31
10 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
...
34 KIRSCH Alex Lidl - Trek 5:10
38 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe 5:19
51 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 5:43
D'Generalklassement no der 16. Etapp
1 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 25 23″63:06:53
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 1:48
3 YATES Adam UAE Team Emirates 8:52
4 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 8:57
5 HINDLEY Jai BORA - hansgrohe 11:15
6 KUSS Sepp Jumbo-Visma 12:56
7 BILBAO Pello Bahrain - Victorious 13:06
8 YATES Simon Team Jayco AlUla 13:46
9 GAUDU David Groupama - FDJ 17:38
10 GALL Felix AG2R Citroën Team 18:19
...
29 JUNGELS Bob BORA - hansgrohe +1:38:44
39 GENIETS Kevin Groupama - FDJ +1:55:38
112 KIRSCH Alex Lidl - Trek +3:46:01