"Ech si frou, no bal 4 Wochen nees bei der Famill ze sinn"

Den Alex Kirsch ass um Sonndeg déi éischte Kéier mam Vëlo iwwert d'Champs Élysées a säin éischten Tuer de France op en Enn gefuer.
Wat war dat Éischt, wat s de gemaach hues, elo no 3 Wochen Tour de France?
Mat de Kanner gerolzt. Dorobber hunn ech mech am meeschte gefreet. Ech sinn immens frou, no bal 4 Wochen elo nees bei der Famill ze sinn.
Wat war dann aus sportlecher Sicht däin Highlight?
Déi 8. Etapp mat der Victoire vum Mads Pedersen. All eenzele Fuerer vun der Ekipp war un dëser Victoire bedeelegt. Dat ass eng vun de schéinsten Erënnerungen, déi ech insgesamt am Cyclissem hunn, och, well ech selwer konnt en Deel dozou bäidroen.
Bass de perséinlech zefridde mat dengem Tour?
Generell war ech ganz zefridde mat menger Form a mat menger Aarbecht. Et war och vun Ufank u gewosst, dass ech net vill Chance kréien, op mech ze fueren. D'Ekipp hat héich Ziler an ech hat kloer Aufgaben. Ech hunn awer ee Regret, op der 12. Etapp, déi wou den Ion Izagirre gewonnen huet, krut ech och d'Chance, fir mat an d'Echappée ze goen. Ech hat gutt Been, mä hat de Coup verpasst. Et ass net einfach, wann een nëmmen eng Chance op 21 krit.
Wat war dann de schwieregste Moment, deen s de has?
Dat war d'Etapp, wou mer de col de la Loze gefuer sinn, ech hat mech déi lescht Woch erkaalt. Ech hat ee ganz schlechten Dag op enger schwéierer Etapp. Dat war mental net einfach, wann een am éischte Bierg ofgehaange gëtt. Ech konnt am leschte Bierg och net méi den Tempo vum Grupetto matgoen. Et war awer um Enn och iergendwéi eng schéin Erënnerung, well de Mads do op mech gewaart huet a mech déi lescht Meter mat iwwert de Bierg gezunn huet.
Wat hues de dann déi nächst Deeg um Programm?
Déi nächst Woche versichen ech, e bëssen de Fokus ze behalen, fir d'Weltmeeschterschaft a knapp zwou Wochen zu Glasgow. D'Form ass weider gutt. Bis dohi genéissen ech awer och elo d'Zäit mat der Famill, an duerno freeën ech mech och e puer méi kleng Courssen ze fueren. Ech sinn zouversiichtlech, do och e puer gutt Resultater ze maachen.
Bass de nächst Joer nees beim Tour de France dobäi?
De Niveau am Tour ass nach emol e Krack méi héich wéi beim Giro a Vuelta. Et hänkt vu ville Facteuren of op ech nach emol dobäi sinn, mee déi Roll déi ech dëst Joer hat huet mer gutt gefall.