Remco Evenepoel wënnt am General, Bob Jungels gëtt um Enn de 15.

© AFP
D'Victoire op der leschter Etapp huet sech den Daniel Felipe Martinez am Sprint géint den Tourgewënner geséchert.
E Sonndeg ass déi 50. Editioun vum Tour duerch d'Algarve mat der fënnefter Etapp op en Enn gaangen. Op der leschter Etapp mat Depart zu Faro konnt sech de Kolumbianer Daniel Felipe Martinez eng Grëtz virum Remco Evenepoel behaapten. Mat dräi Sekonne Retard ass den Thomas Pidcock op déi drëtt Plaz gefuer.
De Bob Jungels gëtt als beschte Lëtzebuerger mat engem Retard vun 1:19 Minutt de 17., de Luc Wirtgen ass iwwerdeems mat 20:37 Minutte op déi 127. Plaz komm an den Arthur Kluckers huet et net bis op d'Arrivée gepackt.
D'Schlussvictoire geet um Enn un de Remco Evenepoel. De belsche Coureur steet am Generalklassement mat 43 Sekonnen virum Daniel Felipe Martinez a mat 1:21 Minutt virum Slowen Jan Tratnik.
Fir de Bob Jungels schléisst den Tour mat engem Retard vun 3:27 op der 15. Plaz of an de Luc Wirtgen kënnt op déi 88. Plaz.
D'Schlussklassement
1 EVENEPOEL Remco 18:45:53
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe 0:43
3 TRATNIK Jan 1:21
4 HEALY Ben 1:42
5 ARENSMAN Thymen 1:45
6 PIDCOCK Thomas 1:49
7 VAN AERT Wout 1:57
8 KUSS Sepp 1:59
9 KÜNG Stefan 2:06
10 MORGADO António 2:09
15 JUNGELS Bob 3:24
88 WIRTGEN Luc 29:42