E Freideg ass et beim Semi-Klassiker "E3" iwwer 207 Kilometer vun Harelbeke op Harelbeke gaangen.

De Mathieu van der Poel huet de Semi-Klassiker "E3" gewonnen. Den Hollänner huet sech no engem Solo vu ronn 40 Kilometer mat enger Avance vun enger Minutt a 34 Sekonnen op de Jasper Stuyven an enger Minutt a 36 de Wout van Aert behaapt. Den Alex Kirsch ass no enger staarker Leeschtung den 10. ginn an hat e Retard vun zwou Minutten an 48 Sekonnen.

Fir de Mathieu van der Poel ass et déi éischt Victoire beim "E3". Donieft huet hien och fir en neie Rekord gesuergt, nach ni war e Gewënner esou laang eleng ënnerwee.

De van der Poel hat um Fouss vum Paterberg, 44 Kilometer virun der Arrivée attackéiert a sech eleng un d'Spëtzt vun der Course gesat. De van Aert ass deen Ament um Pawee ausgerutscht an huet Zäit verluer. De Belsch huet duerno alles versicht, fir eleng den Hollänner nach emol anzefänken, ma dat sollt him net geléngen. Hie war nach emol op ronn 15 Sekonnen erukomm, ma duerno gouf d'Lach nees méi grouss. 5 Kilometer virun der Arrivée gouf de Belsch vum Jasper Stuyven agefaangen. Béid Coureuren hunn d'Plazen 2 an 3 ënnert sech ausgemaach.

Eng staark Leeschtung huet och den Alex Kirsch gewisen. De Lëtzebuerger war laang ëmmer nees un der Spëtzt vum Grupp mat de Favoritten ze gesinn an huet vill fir seng Ekipp Lidl-Trek geschafft. Um Enn gouf ee mat der 2. Plaz vum Stuyven belount. An de Kirsch ass als gudden 10. iwwert d'Arrivée gefuer.

E Sonndeg waart schonn den nächste Klassiker op d'Coureuren. Gent-Wevelgem steet um Programm. D'Course kënnt Dir wéi gewinnt live op RTL kucken.

D'Klassement

1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck 4:39:39
2 STUYVEN Jasper Lidl - Trek 1:31
3 VAN AERT Wout Team Visma | Lease a Bike 1:34
4 WELLENS Tim UAE Team Emirates 1:48
5 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 1:50
6 NARVÁEZ Jhonatan INEOS Grenadiers 1:52
7 POLITT Nils UAE Team Emirates 2:48
8 SKUJIŅŠ Toms Lidl - Trek ,,
9 ALBANESE Vincenzo Arkéa - B&B Hotels ,,
10 KIRSCH Alex Lidl - Trek ,,