Lëtzebuerger Cyclist
De Mats Wenzel ass ganz zefridde mat sengem Comeback

© RTL-Archiv
De Mats Wenzel zielt zu de groussen Hoffnungen am Lëtzebuerger Cyclissem. Zanter dëser Saison fiert hie fir Development Team vu LIDL-TREK.
D'Saison huet fir hien awer ganz schlecht ugefaangen. Beim Tour des Alpes Maritimes ass hien am Februar gefall an huet sech de Becke gebrach.
De Mats Wenzel am Interview
Virun zwou Wochen ass hien zu Dippech nees seng éischte Course no der Blessur gefuer. Déi leschte Woch ass hien dunn un den Depart vun der Flèche du Sud gaangen a koum am General direkt op déi 8. Plaz.
Am RTL Interview erzielt hien, wéi zefridden hie mat deem Resultat ass, a wéi déi nächste Woche fir hien ausgesinn.
Am meeschte gelies