De Julian Alaphilippe gewënnt aus der Echappée eraus

© LUCA BETTINI / AFP
Déi 12. Etapp vum Giro d'Italia ass iwwer 193 Kilometer vu Martinsicuro op Fano gaangen.
Um Enn ass de Fransous Julian Alaphilippe no 4 Stonnen, 7 Minutten a 44 Sekonnen als éischten iwwer d'Arrivée gefuer. Zweeten an drëtte ginn de Jhonatan Narváez aus Ecuador an de Quinten Hermans aus der Belsch. Dat mat engem Ecart vun 31 respektiv 32 Sekonnen.
De Michel Ries gëtt den 115. op 11 Minutten an 59 Sekonnen.
Am General ass den Tadej Pogacar weiderhin op der éischter Plaz. Dat mat engem Ecart vun zwou Minutten a 40 Sekonnen op den Zweeten, den Daniel Felipe Martínez. Drëtten ass den Geraint Thomas op zwou Minutten a 56 Sekonnen. De Michel Ries ass am General den 31. op 33 Minutten a 45 Sekonnen.
D'Klassement vun der 12. Etapp
1 ALAPHILIPPE Julian Soudal Quick-Step 4:07:44
2 NARVÁEZ Jhonatan INEOS Grenadiers 0:31
3 HERMANS Quinten Alpecin - Deceuninck 0:32
4 VALGREN Michael EF Education - EasyPost 0:43
5 SCARONI Christian Astana Qazaqstan Team ,,
6 TRENTIN Matteo Tudor Pro Cycling Team 1:30
7 CLARKE Simon Israel - Premier Tech ,,
8 LEEMREIZE Gijs Team dsm-firmenich PostNL ,,
9 MAESTRI Mirco Team Polti Kometa ,,
10 THOMAS Benjamin Cofidis ,,
D'Generalklassement
1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 36:48:08
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe 2:40
3 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 2:56
4 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 3:39
5 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 4:27
6 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL 4:57
7 FORTUNATO Lorenzo Astana Qazaqstan Team 5:19
8 ZANA Filippo Team Jayco AlUla 5:23
9 RUBIO Einer Movistar Team 5:28
10 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 5:52