Um Samschdeg stoung en Zäitfueren iwwer 31,2 Kilometer vu Castiglione delle Stiviere op Desenzano del Garda um Programm.

Hei konnt de Filippo Ganna sech mat enger Zäit vu 35 Minutten an 2 Sekonnen relativ däitlech duerchsetzen. Den Tadej Pogacar ass mat engem Retard vun 29 Sekonnen den 2. ginn a ka seng Féierung am General domat weider ausbauen. Déi drëtt Plaz war fir den Thymen Arensman (+1:07.

De Michel Ries ass den 72. ginn, hien hat e Retard vu 5 Minutten an enger Sekonn.

Am Generalklassement konnt de Favorit Pogacar seng Féierung domat op 3 Minutten an 41 Sekonnen ausbauen. Den Geraint Thomas ass neien Zweeten, nodeems hien am Zäitfueren méi séier war wéi den Daniel Felipe Martinez. De Kolumbainer huet elo e Réckstand vu knapp 4 Minutten.

Hei fält de Michel Ries ëm eng Plaz zréck an ass elo den 30., dat mat engem Réckstand vun 38 Minutten a 17 Sekonnen.

D'Klassement vun der 14. Etapp

1 GANNA Filippo INEOS Grenadiers 35:02
2 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 0:29 
3 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 1:07
4 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 1:14 
5 PLAPP Luke Team Jayco AlUla 1:18
6 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 1:19
7 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:25  
8 FOSS Tobias INEOS Grenadiers 1:26
9 BJERG Mikkel UAE Team Emirates 1:28
10 AFFINI Edoardo Team Visma | Lease a Bike 1:30
...
72 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 5:01

D'Generalklassement

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 50:00:09
2 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 3:41
3 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe 3:56
4 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 4:35
5 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 5:17
6 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 6:30
7 ZANA Filippo Team Jayco AlUla 7:26
8 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL 7:52
9 FORTUNATO Lorenzo Astana Qazaqstan Team 8:40
10 BAUDIN Alex Decathlon AG2R La Mondiale Team 8:56
...
30 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 38:17