De Sloween huet sech op en Neits en solitaire duerchgesat a baut säi grousse Virsprong am General weider aus. De Michel Ries gouf den 30..

Op der zweetleschter Etapp vun der 107. Editioun vum Giro d'Italia goung et iwwer 184 Kilometer vun Alpago op Bassano del Grappa. Et war eng schwéier Etapp op där et zweemol iwwert de Monte Grappa, engem Bierg vun der 1. Kategorie goung.

Um Enn vun enger laanger Descente konnt sech den Tadej Pogacar (UAE Team Emirates) duerchsetzen. Hien hat eng Avance vun 2 Minutten a 7 Sekonnen op de Valentin Paret-Peintre (Decathlon AG2R La Mondiale Team) an den Daniel Martinez (BORA - hansgrohe). De Michel Ries huet sech op der 30. Plaz mat engem Retard vu knapp 19 Minutte klasséiert.

D'Victoire am General ass dem Tadej Pogacar net méi zu huelen. Virun der leschter Etapp huet de Sloween eng grouss Avance op den Daniel Martinez op der zweeter an dem Geraint Thomas (INEOS Grenadiers) op der drëtter Plaz. De Michel Ries huet sech um Samschdeg nach op déi 25. Plaz am General verbessert.

D'Klassement vun der Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 4:58:23
2 PARET-PEINTRE Valentin Decathlon AG2R La Mondiale Team +2:07
3 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe ,,
4 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious ,,
5 RUBIO Einer Movistar Team ,,
6 PELLIZZARI Giulio VF Group - Bardiani CSF - Faizanè ,,
7 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers ,,
8 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 STORER Michael Tudor Pro Cycling Team +2:31
10 MAJKA Rafał UAE Team Emirates +3:08 
...
30 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels +18:59

De General

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates 76:22:13
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe +9:56
3 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers +10:24
4 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team +12:07
5 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious +12:49
6 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers +14:31
7 RUBIO Einer Movistar Team +15:52
8 HIRT Jan Soudal Quick-Step +18:05
9 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL +20:32
10 STORER Michael Tudor Pro Cycling Team +21:11
...
25 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels +1:20:06