De Bernard Hinault war um Depart vun der Gran Fondo Schleck
Um Samschdeg gouf zu Munneref déi 7. Editioun vun der Gran Fondo Schleck gefuer. Ronn 3000 Startplaze ware säit Enn 2023 ausverkaaft.
Zwee schéi Parcourse vun der Musel bis an der Mëllerdall kruten d'Sportler proposéiert. Um Depart vun der Gran Fondo Schleck stoungen haut verschidde Generatioune mat engem enorme Palmarès beieneen. Den Andy als Tour-Vainqueur vun 2010 an der Frank Schleck als 3. vum Tour aus dem Joer 2011 haten de Bernard Hinault an hirer Mëtt.
Deen huet tëscht 1978 an 1985 den Tour de France 5 Mol gewonnen an am ganzen 10 grouss Tier a sengem Palmarès. Mat haut 69 Joer denkt de Bernard Hinault gären un seng Zäit op de Lëtzebuerger Stroossen zréck. 1982 hat hien den Tour de Luxembourg selwer gewonnen, 1979 war hien den Zweeten hannert dem Lucien Didier.
Bei gudde Wiederkonditioune konnten d'Cyclisten haut tëscht 2 Distanze wielen. 153 oder 85 Kilometer op ganz schéinen awer och schwéiere Parcourse stoungen zur Auswiel. De Gran Fondo ass organisatoresch eng grouss Erausfuerderung. Do ass ee frou, op ganz vill Benevoller zréckzegräifen. Fir de Bernard Hinault war et e schéine Retour op d'Lëtzebuerger Stroossen. De fréiere Champion war mat engem Laachen am Gesicht ënnerwee.