"Et war mer eng Freed, de Lucien Didier am Tour de Luxembourg ze ënnerstëtzen"
Fir déi 7. Editioun vun der Gran Fondo Schleck war de Bernard Hinault haut den Invité.
De fréiere 5-fache Vainqueur vum Tour hat et sech net huele gelooss mat dobäi ze sinn an huet och al Erënnerunge gedeelt. Gären denkt hien un 1979 zréck. Deemools hat hien dem Lucien Didier gehollef den Tour de Luxembourg ze gewannen. Dat tet einfach ass op de Lëtzebuerger Stroossen ze fueren, déi Rumeur léist den haut 69 Joer alen net gëllen.
Den internationale Vëlossport suivéiert de Bernard Hinault nach ëmmer mat Passioun. Dem Tadej Pogacar seng Dominanz ass him net entgaangen. Hien gesäit de Sloween a ganz ville Coursen als grouss Favorit.
De Bernard Hinault huet tëscht 1978 an 1985 5 Mol den Tour de France gewonnen. 3 mol war hien och de Beschten am Giro d'Italia. D'Vuelta konnt hien zweemol gewannen. Mat iwwer 200 Victoirë gehéiert hien zu de gréisste Cycliste vun allen Zäiten. Vu 1978 bis 1983 war de Lëtzebuerger Lucien Didier Coequipier vum Bernard Hinault. Bei 4 vu 5 Tour-Victoirë vum Hinault war de Lucien Didier an de Bierger ee vu senge wichtegste Léit.