Torstein Traen wënnt uewenaus um Gotthardpass, Adam Yates neie Leader

© AFP (Archiv)
Op der 4. Etapp vum Tour de Suisse ass et iwwer 171 Kilometer vu Rüschlikon erop op de Gotthardpass gaangen.
Uewen aus um Gotthardpass gouf et e Succès en solitaire vum Torstein Traen. Den Norweger war an der Echappée vum Dag an hat sech eng 20 Kilometer virun der Arrivée vu senge Konkurrenten ofgesot. Hien hat op der Arrivée eng Avance vun 23 Sekonnen op den Adam Yates. De Britt hat sech an der Schlussmontée vun de weidere Favoritten ofgesat an ass elo den neie Leader am General. Hien huet eng Avance vu 26 Sekonnen op säi Coequipier Joao Almeida.
De Luc Wirtgen ass e Mëttwoch den 91. op iwwer 14 Minutte ginn an ass am General den 105..
D'Klassement vun der Etapp
1 TRÆEN Torstein 4:10:21
2 YATES Adam UAE Team Emirates 0:23
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:48
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates ,,
5 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 1:00
6 ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL 1:27
7 MAS Enric Movistar Team ,,
8 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 UIJTDEBROEKS Cian Team Visma | Lease a Bike ,,
10 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech ,,
...
91 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 14:19
De General
1 YATES Adam UAE Team Emirates 11:50:08
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates 0:26
3 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek ,,
4 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 0:49
5 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike 1:15
6 ONLEY Oscar Team dsm-firmenich PostNL 1:17
7 MAS Enric Movistar Team ,,
8 UIJTDEBROEKS Cian Team Visma | Lease a Bike 1:21
9 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech 1:25
10 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 1:42
...
105 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 23:51