Marc Rolf Indergand Champion bei de Masters, Dammen an Hären Elite e Sonndeg
Nach bis e Sonndeg ginn zu Harel déi nei Championen am Vëlo op der Strooss gesicht.
En Donneschdeg den Owend war am Vëlossport den Optakt vum nationale Championnat op der Strooss.
Bei de Masters huet sech de Marc Rolf Indergand de Championstitel an der Course en Ligne geséchert. No 58 Kilometer huet hie sech zu Harel mat enger Avance vun enger Minutt an 32 Sekonne virum Patrick Rauen behaapt. Den Olivier Paderhuber hat als Drëtten e Retard vun enger Minutt a 36 Honnertstel.
Séiersten ënner den Debutanten war de Maximilien Outlet, deen de Parcours mat 1 Stonn, 31 Minutten an 50 Sekonnen hannert sech bruecht huet. Hien hat dräi Sekonnen Avance op den Loris Morbé a 5 op den Dawson Fehlen Pereira.
Bei de Cadets war de Lorenzo Astolfi dee Séiersten. Hien hat eng Avance vun 2 Minutten a 25 Sekonnen op de Leo Lanners an 2 Minutten an 49 Sekonnen op de Yannis Elsen. Bescht d'Meedche war d'Sarah König. Op d'Plazen 2 an 3 sinn d'Enola Walch an Axelle Jean gefuer.
Bei de Minimes huet sech den Alessio Ghirelli duerchgesat. Hei waren d'Éiereplaze fir de Mathis Elsen an de Jules Lamberty. Bescht Meedche war d'Lyel Hever virum Nora Simon an dem Alyssa Engelmann.
E Freideg den Owend ginn déi nei Championen am Zäitfuere gesicht an e Sonndeg ass et dann den Ofschloss mat ënnert anerem der Course en Ligne vun den Dammen an den Hären Elite.