De leschte Sonndeg gouf de Kevin Geniets Lëtzebuerger Champion, elo gouf bekannt, dass säi Profikontrakt bei Groupama-FDJ verlängert gouf.

E Samschdeg fänkt zu Florenz den Tour de France un. Am Virfeld huet déi franséisch Ekipp Groupama-FDJ annoncéiert, datt si de Kontrakt mam Kevin Geniets ëm 3 Joer verlängert.
 
De leschte Sonndeg gouf hie Lëtzebuerger Champion an ass dëst Joer nieft dem Bob Jungels, den zweete Lëtzebuerger am Tour de France.

Vun e Samschdeg u kënnt Dir all Etapp vum Tour de France live op RTL Télé Lëtzebuerg an am Stream op RTL.lu an RTL Play suivéieren.