En Tour de France mat ville Premièren an engem grousse Favorit
E Samschdeg fänkt den Tour de France zu Florenz an Italien un. An dräi Woche geet en zu Nice op en Enn. Dat gouf et bis elo nach ni.
Op den éischten Etappe kann ee sech direkt eng spektakulär Course erwaarden. Wann ee sech d'Favoritten op d'Victoire ukuckt, da stécht am Moment een Numm eraus. Et ass den Tadej Pogacar, deen ëmmer nees genannt gëtt. Dat schéngt normal, de 25 Joer ale Sloween war 2024 bis elo an enger excellenter Form an huet d'Konkurrenz an all Course, bei där hien dobäi war, dominéiert.
Déi éischt Etappe schéngen him wéi op de Léif geschnidden, et kann een dovunner ausgoen, datt hien op eng offensiv Course aus ass. Eenzege Bemol, eng Covid-Infektioun viru Ronn 10 Deeg. D'Fro stellt sech wéi de Jonas Vingegaard da lo wierklech a Form ass. No senger schwéierer Chute am Tour du Pays Basque ass den Dän keng Course méi gefuer an huet sech iwwer Stagë preparéiert. An der Ekipp Red Bull-Bora -hansgrohe ass alles op de Primoz Roglic ausgeriicht. De Roglic huet den Dauphiné gewonnen a war dono mat senger Ekipp direkt nees an d'Trainingslager. Och de Remco Evenepoel kéint ëm de Podium matfueren. Et kann ee gespaant sinn, wien dem Tadej Pogacar d'Waasser ka reechen.
En Dënschdeg den Owend, wann de Peloton bis iwwer de Galibier ass, dierft ee wëssen, wéi et ëm d'Form vun de Konkurrente steet.
Vun e Samschdeg 14 Auer u si mir live fir Iech bei der Course dobäi. Op RTL Play fannt Dir déi ganz Etappen am Replay an am Resumé.
De Parcours vun der 111. Editioun
E Samschdeg gëtt den Tour de France zu Florenz an Italien lancéiert. Et gëtt eng ongewinnten Editioun mat deem alleréischte Grand Depart an Italien an enger Arrivée zu Nice. Do steet um leschten Dag no 35 Joer nees eemol en Zäitfueren um Programm. Deemools war et dat historescht Duell tëscht Fignon a Lemond zu Paräis. Am Ganze stinn acht Flaach-Etappen, véier méi hiwweleg Etappen, siwe Bierg-Etappen an zwee Zäitfuere mat enger Distanz vun zesummen 59 Kilometer um Programm.
Laang Zäit, fir sech anzerullen, gëtt et net. Schonn um éischten Dag stinn net manner wéi 3.600 Héichtemeter um Programm, dat ass e Rekord fir eng éischt Etapp. De véierten Dag geet et da schonn iwwer de Galibier op eng Héicht vun iwwer 2.600 Meter, och dat gouf et sou fréi am Tour nach net. Interessant dierft och d'Gravel-Etapp den nächste Sonndeg ginn. Ronderëm Troyes stinn net manner wéi 32 Kilometer iwwer Feldweeër um Menü. Et ass déi éischte Kéier, datt et iwwer déi wäiss Stroossen vun der Champagne geet.
Déi zweet Woch geet et fir d'éischt duerch de Massif central, éier fir de Weekend d'Etappen duerch Pyrenäe geplangt sinn.
Enn vun der drëtter Woch fält d'Entscheedung mat de schwéieren Alpenetappen an dem Passage iwwer de Col de la Bonnette op 2.802 Meter iwwer dem Mieresspigel.
Den Ofschloss ass sonndes den 21. Juli mat engem Zäitfueren iwwer 35 Kilometer. No der Etapp tëscht Monaco an Nice ass da gewosst wien den Nofollger vum Jonas Vingegaard ass.