Sprint-Victoire fir Lucinda Brand, Nina Berton bescht Lëtzebuergerin

© Arne Mill / T.RF Sportmarketing
E Freideg ass et iwwer 111 Kilometer vu Mühlhausen op Mühlhausen gaangen.
Op der véierter Etapp vun der Lotto Thüringen Ladies Tour gouf et eng Victoire am Sprint fir d'Hollänerin Lucinda Brand. Si huet sech no 111 Kilometer virun hire Landsfraen Karlijn Swinkels a Mischa Bredewold behaapt.
Als bescht Lëtzebuergerin huet sech d'Nina Berton als 30. op 2 Minutten an 12 Sekonne klasséiert. D'Christine Majerus an d'Marie Schreiber haten als 32. respektiv 35. e Réckstand vun 3 Minutten a 16 Sekonnen.
Am General bleift weiderhin d'Belsch Margot Vanpachtenbeke a Féierung. Si huet eng Avance vu 4 Sekonnen op d'US-Amerikanerin Ruth Edwards. Op der drëtter Plaz läit d'Hollännerin Micha Bredewold. Si huet e Retard vun 2 Minutten a 34 Sekonnen.
D'Christine Majerus läit am General op Plaz 29 mat engem Retard vu 6 Minutten a 4 Sekonnen. D'Marie Schreiber ass déi 31. op 6 Minutten a 17 Sekonnen an d'Nina Berton ass déi 32. op 7 Minutten an 3 Sekonnen.
D'Etappecourse geet nach bis e Sonndeg.
D'Klassement vun der Etapp
1 BRAND Lucinda Lidl - Trek 2:54:07
2 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ ,,
3 BREDEWOLD Mischa Team SD Worx - Protime ,,
4 DRONOVA-BALABOLINA Tamara Roland ,,
5 LACH Marta CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
6 EDWARDS Ruth Human Powered Health ,,
7 SCHWEINBERGER Christina Fenix-Deceuninck ,,
8 BORGHESI Letizia EF Education-Cannondale ,,
9 KRAAK Amber Netherlands ,,
10 ALONSO Sandra CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
...
30 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 2:12
32 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 3:16
35 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime ,,
De General
1 VANPACHTENBEKE Margot VolkerWessels Women's Pro Cycling Team 12:34:38
2 EDWARDS Ruth Human Powered Health 0:04
3 BREDEWOLD Mischa Team SD Worx - Protime 2:34
4 SWINKELS Karlijn UAE Team ADQ 2:36
5 BRAND Lucinda Lidl - Trek 2:38
6 LACH Marta CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 2:44
7 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
8 JANSEN Eline VolkerWessels Women's Pro Cycling Team 2:48
9 BORGHESI Letizia EF Education-Cannondale ,,
10 SCHWEINBERGER Christina Fenix-Deceuninck ,,
...
29 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime 6:04
31 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime 6:17
32 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 7:03