Christine Majerus op Plaz 17, Medaile fir Faulkner, Vos a Kopecky
D'Amerikanerin huet sech an de leschte Kilometer ofgesat a gewënnt d'Goldmedail zu Paräis. D'Christine Majerus gouf dat 17..
D'Kristen Faulkner hat um Enn eng Avance vun 58 Sekonnen op e Grupp vun 3 Leit. Am Sprint vun de Verfolgerinnen huet sech d'Marianne Vos virum Lotte Kopecky behaapt. Sëlwer a Bronze goung also un Holland an d'Belsch. Déi 4. Plaz goung un d'Ungarin Blanka Vlas. D'Christine Majerus huet sech op der gudder 17. Plaz klasséiert. Et waren déi 4. a lescht Olympesch Spiller fir d'Lëtzebuergerin.
Den Interview mam Christine Majerus fannt Dir hei am Artikel.
Vun Ufank u gouf et Attacken aus dem Peloton eraus bis sech e Spëtzegrupp vu 6 Fuererinnen ofgesat huet. De Peloton mat de Favorittinnen an dem Christine Majerus huet der Echappée deelweis e Virsprong vun iwwer 5 Minutte ginn. Tëscht béide Gruppe war eng laang Zäit nach d'Olga Zabelinskaya ënnerwee. 80 Kilometer virun der Arrivée huet déi hollännesch Ekipp den Tempo däitlech erhéicht an de Virsprong vun der Echappée ass séier méi kleng ginn.
Ronn 47 Kilometer virun der Arrivée sinn d'Fuererinnen un der Spëtzt agefaange ginn. De Peloton ass komplett ausernee gefall a 9 Leit hu sech ofgesat. Mat dobäi waren do ë.a. d'Marianne Vos an d'Elisa Longo Borghini. D'Christine Majerus huet et net an dee Grupp gepackt, obwuel hat déi ganzen Zäit gutt placéiert war. Hatt war am Grupp hannendru, déi probéiert hunn un de Spëtzegrupp erunzekommen. No weideren Attacke louche ronn 20 Kilometer viru Schluss 12 Fuererinne vir an der Course. Obwuel se net gutt zesumme geschafft hunn, ass de Virsprong méi grouss ginn. Kuerz drop hunn d'Marianne Vos an d'Blanka Vlas attackéiert an de Virsprong séier op 30 Sekonnen ausgebaut. Hannendru konnte just nach 5 Fuererinnen den Uschloss halen.
An de leschte Kilometer sinn d'Lotte Kopecky an d'Kristen Faulkner un d'Vos an d'Vlas erukomm. Déi 4 Cyclistinnen hu sech bekuckt, d'Faulkner huet vun der Situatioun profitéiert an huet sech duerch d'Bascht gemaach. Bis op d'Arrivée ass d'Amerikanerin net méi ageholl ginn a ka sech iwwerraschend iwwer Gold zu Paräis freeën. Am Sprint goung Sëlwer un d'Marianne Vos. D'Lotte Kopecky krut Bronzemedail. D'Christine Majerus huet de Sprint aus dem Peloton gewonnen, dee ronn 5 Minutten hannert der Gewënnerin ukomm ass. Um Enn ass dat fir déi gutt 17. Plaz duergaangen.