"Ech hu vill Lëtzebuerger Fändelen op der Streck gesinn"
D'Lëtzebuergerin ass no enger staarker Course déi 17. op 5 Minutte ginn. Gold ass un d'Kristen Faulkner gaangen.
D'Christine Majerus huet am Lëtzebuerger Fraesport vill beweegt. 2024 ass déi lescht Saison vun der Sportzaldotin, zu Paräis bei den Olympesche Spiller eng 17. Plaz wier ganz ok. Si wier houfreg op déi Course, déi se gefuer ass, och wa se net ganz zefridde wier. Als Eenzelfuererin hätt een et op engem Schlusscircuit, wou et och ëm d'Placéierung geet, schwiereg. Virun der éischter Kéier fir de Montmartre erop, gouf d'Lëtzebuergerin duerch eng Chute gebremst.
"Do war dee Grupp fort a mir sinn awer eng mega Montée gefuer. Do hunn ech gespuert, dass ech wierklech e gudden Dag hat."
Vum Resultat hier wier dofir och méi dragewiescht, esou d'Christine Majerus um Mikro vum Yannick Zuidberg.
D'Entente vum Grupp, an deem d'Lëtzebuergerin gefuer ass, war net gutt, soudatt een net méi no vir komm ass. Et wollt keen déi neidesch Energie opbréngen, d'Lach zouzefueren.
"Entweder fiert jiddereen oder et fiert keen. Dat ass d'Reegel."
Mega Atmosphär op der Streck
D'Christine Majerus huet d'Course genoss, d'Atmosphär wier mega gewiescht:
"Et waren extreem vill Lëtzebuerger op der Streck, ech hu vill Lëtzebuerger Fändele gesinn. Villmools Merci dofir, dat huet wierklech Freed gemaach."
Hei fannt Dir de Resumé vun der Vëloscourse vun den Dammen.