Lokalmatador Berrade wënnt am Baskenland

En Donneschdeg goung et iwwer hiwweleg 179,5 Kilometer vu Vitoria-Gasteiz op Maestu-Parque Natural de Izki.
An hei huet sech e Sportler aus der Ëmgéigend duerchgesat. Den Urko Berrade, dee vu Pamplona kënnt, huet just 50 Kilometer vu senger Heemescht eng Etapp an der Tour duerch Spuenien duerchgesat. Fir säin Team Equipo Kern Pharma, dat mat enger Wildcard ugetrueden ass, ass et schonn déi drëtten Etappevictoire.
Wärend vir ëm d'Etapp gekämpft gouf, hu sech och d'Favoritten et net huele gelooss, sech géigesäiteg op d'Prouf ze stellen an ze attackéieren.Wärend de Ben O'Connor de roude Maillot géint déi aner Favoritte verdeedege konnt, war et net den Dag vum Mikel Landa. De Spuenier konnt net beim Favorittegrupp bleiwen an huet zesumme mam Sepp Kuss an dem Adam Yates 3 Minutten an 20 Sekonnen op déi aner Favoritte verluer. Domadder huet de Landa och seng Plaz an der Topp 5 net méi, mä ass nach just esou an der Topp 10 dran.
D'Topp 10 vun der Etapp
1 BERRADE Urko Equipo Kern Pharma 4:00:52
2 SCHMID Mauro Team Jayco AlUla 0:04
3 MIQUEL Pau Equipo Kern Pharma ,,
4 POOLE Max Team dsm-firmenich PostNL ,,
5 VLASOV Aleksandr Red Bull - BORA - hansgrohe ,,
6 LAZKANO Oier Movistar Team ,,
7 IZAGIRRE Ion Cofidis ,,
8 VACEK Mathias Lidl - Trek ,,
9 CASTRILLO Pablo Equipo Kern Pharma ,,
10 KRUIJSWIJK Steven Team Visma | Lease a Bike 0:11
D'Generalklassement no der 18. Etapp
1 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 72:48:46
2 ROGLIČ Primož Red Bull - BORA - hansgrohe 0:05
3 MAS Enric Movistar Team 1:25
4 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 1:46
5 GAUDU David Groupama - FDJ 3:48
6 RODRÍGUEZ Carlos INEOS Grenadiers 3:53
7 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 4:00
8 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 4:27
9 SIVAKOV Pavel UAE Team Emirates 5:19
10 LANDA Mikel Soudal Quick-Step 5:38