Christine Majerus bei Victoire vu Lorena Wiebes op Plaz 10
D'Dammen hunn de Circuit iwwer 162 Kilometer vun Heusden-Zolder bis op Hasselt hannert sech musse bréngen.
Bei der Europameeschterschaft an der Belsch konnt sech d'Lorena Wiebes am Sprint knapp géint Elisa Balsamo an d'Daria Pikulik aus Polen duerchsetzen. Et ass der Wiebes hir zweet Europameeschterschaft no 2022.
D'Christine Majerus war bei hirer leschter Participatioun bei enger Europameeschterschaft - si zitt jo no der Weltmeeschterschaft Enn September e Schlussstréch ënnert hir Profiskarriär - och vir mat bäi a gouf um Enn déi 10. an der selwechter Zäit wéi d'Wiebes.
Nodeems bei de Junior-Männer de Yannis Lang de Moien als 35. fir dat bescht Lëtzebuerger Resultat gesuergt hat, war et de Mëtteg un den Dammen aus der Elite-Kategorie. Aus Lëtzebuerger Siicht waren an dëser Course d'Christine Majerus an d'Nina Berton engagéiert.
De Parcours an d'Distanz waren déi selwecht wéi déi gëschter Mëtteg bei den Espoir-Männer. Déi éischt Damm, déi attackéiert huet, war d'Nikola Noskova aus Tschechien. De Peloton hat Si nom zweete Secteur iwwer Pavé awer nees agefaangen an et war un der Spuenierin Mireia Benito, fir et ze probéieren. Och déi gouf nees agefaangen.
D'Hollännerinnen hu fir d'Lorena Wiebes geschafft, et awer och net verpasst, d'Course schwéier ze maachen. Doropshin huet d'Nina Berton eng 54 Kilometer virun der Arrivée misse lassloossen, koum e bësse méi spéit nees zréck. D`Christine Majerus war zu deem Ament ëmmer gutt positionéiert.
Och wann ëmmer nees attackéiert gouf, sou ass et awer mat engem kompakte Peloton op déi lescht 35 Kilometer gaangen. Besonnesch déi spuenesch Ekipp huet et ëmmer nees ouni Succès mat Attacke probéiert. E Sprint huet inevitabel geschéngt. D`Nina Berton huet et 20 Kilometer virun der Arrivée hirersäits och nach eemol probéiert, de Peloton huet awer direkt reagéiert. Si gouf schlussendlech déi 33.
Klassement vun der Course
1 WIEBES Lorena Holland 3:56:34
2 BALSAMO Elisa Italien 0:00
3 PIKULIK Daria Polen 0:00
4 COPPONI Clara Frankräich 0:00
5 GASKJENN Ingvild 0:00
6 SCHWEINBERGER Kathrin Éisträich 0:00
7 NORSGAARD Emma Dänemark 0:00
8 VAS Blanka Ungarn 0:00
9 LELEIVYTE Rasa Litauen 0:00
10 MAJERUS Christine Lëtzebuerg 0:00
...
33 BERTON Nina Lëtzebuerg 0:00