E Mëttwoch huet déi 84. Editioun vum Skoda Tour de Luxembourg ugefaangen. D'Etapp ass am Sprint decidéiert ginn.

Den Hollänner Mathieu van der Poel huet déi éischt Etapp vum Skoda Tour de Luxembourg gewonnen. An der Schlussmontée erop op de Fëschmaart gëtt de Fransous Christophe Laporte den Zweeten. Op déi drëtte Plaz koum den Dän Andreas Kron. De Bob Jungels gouf als 16. de beschte Lëtzebuerger.

De Replay vun der Etapp mat éischte Reaktiounen no der Arrivée fannt Dir um RTL Play.

Skoda Tour de Luxembourg - 1. Etapp (Resumé)
Mathieu van der Poel wënnt 1. Etapp, Bob Jungels beschte Lëtzebuerger

De Resumé vun der Etapp

Et ass um éischten Dag iwwer 158 Kilometer vun der Stad zeréck an d’Stad gaangen. Et war eng Etapp op där der Wand op der ganzer Streck present war. Déi éischt knapp 50 Kilometer vun der Etapp ware relativ flaach. Mat der Montée erop op den Niklosbierg stoung dunn zu Veianen déi éischt Schwieregkeet vum Dag um Programm. Nom Buerschter an der Montée erop op Eschduerf ass et aus dem Éislek duerch de Weste vum Land nees zeréck Richtung Stad gaangen.
 
Relativ séier huet sech nom Depart eng Echappée vu véier Leit forméiert: Den Hollänner Pepijn Reinderink, de Belsch Vincent van Hemelen, den Italieener Mattia Bais an de Lëtzebuerger Alexandre Kess waren an där mat dran. D’Echappée krut eng maximal Avance vu ronn 7 Minutten. An der Montée erop op Buerschent huet de Vincent van Hemelen aus der Echappée musse lassloossen. Fir den Alexandre Kess war dat de Fall fir op Eschduerf erop. De Lëtzebuerger gouf kuerz drop vum Peloton agefaangen.
 
Eng 80 Kilometer virun der Arrivée ass den Tempo am Peloton eropgaangen an d’Avance vun den zwee Leit un der Spëtzt ass erofgaangen. Virun allem duerch d’Ekippen UAE Team Emirates, mam Gewënner vum leschte Joer Marc Hirschi, Lidl-Trek mam Alex Kirsch an och nach Team Visma | Lease a Bike. Dem Weltmeeschter Mathieu van der Poel seng Ekipp, Alpecin-Deceuninck, huet sech zeréckgehalen. Um Depart ware si no de kuerzfristege Forfaite vum Sören Kragh Andersen, dem Jimmy Janssens an dem Emiel Verstrynge just nach zu 3.
 
Fir de Pepijn Reinderink an de Mattia Bais goung d’Echappée 9 Kilometer virun der Arrivée op en Enn an dat an der Montée vum Stafelter erop. 
 
D'Decisioun ass de Fëschmaart erop gefall. De Mathieu van der Poel konnt sech knapp virum Christophe Laporte an dem Andreas Kron behaapten.

De leschte Kilometer vun der 1. Etapp vum Skoda Tour de Luxembourg
De Weltmeeschter Mathieu van der Poel huet sech am Sprint behaapt, de Bob Jungels ass de beschte Lëtzebuerger ginn.

En Donneschdeg geet déi zweet Etapp iwwer 155 Kilometer vu Jonglënster op Schëffleng. Vu 14.50 Auer un ass RTL live fir Iech mat dobäi.

Weider Andréck vun der 1. Etapp

D'Resultat vun der Etapp

1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck 3:46:28
2 LAPORTE Christophe Team Visma | Lease a Bike ,,
3 KRON Andreas Lotto Dstny ,,
4 LEMMEN Bart Team Visma | Lease a Bike ,,
5 FISHER-BLACK Finn UAE Team Emirates ,,
6 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious ,,
7 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike ,,
8 GUERREIRO Ruben Movistar Team ,,
9 BARRENETXEA Jon Movistar Team ,,
10 LABROSSE Jordan Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
...
16 JUNGELS Bob Luxembourg 0:00
31 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
36 WENZEL Mats Luxembourg ,,
71 URY Noé Luxembourg 8:08
72 WALLENBORN Arno Luxembourg ,,
85 KIRSCH Alex Lidl - Trek ,,
89 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team ,,
98 KESS Alexandre Luxembourg 12:55
105 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg 19:03

De General

1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin - Deceuninck 3:46:18
2 LAPORTE Christophe Team Visma | Lease a Bike 0:04
3 KRON Andreas Lotto Dstny 0:06
4 HIRSCHI Marc UAE Team Emirates 0:09
5 LEMMEN Bart Team Visma | Lease a Bike 0:10
6 FISHER-BLACK Finn UAE Team Emirates ,,
7 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious ,,
8 KELDERMAN Wilco Team Visma | Lease a Bike ,,
9 GUERREIRO Ruben Movistar Team ,,
10 BARRENETXEA Jon Movistar Team ,,
...
17 JUNGELS Bob Luxembourg 0:10
31 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
36 WENZEL Mats Luxembourg ,,
71 URY Noé Luxembourg 8:18
72 WALLENBORN Arno Luxembourg ,,
85 KIRSCH Alex Lidl - Trek ,,
89 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team ,,
98 KESS Alexandre Luxembourg 13:05
105 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg 19:13