Remco Evenepoel verdeedegt den Titel am Zäitfueren

© JASPER JACOBS/BELGA MAG/Belga via AFP
De Belsch huet sech knapp virum Filippo Ganna an dem Edoardo Affini duerchgesat. Bei den Dammen huet d'Grace Brown sech de WM-Titel geséchert.
Op der Weltmeeschterschaft an der Schwäiz stoung um Sonndeg bei den Dammen an den Hären d'Zäitfueren um Programm.
De Remco Evenepoel war no 46 Kilometer op en Neits net ze schloen a konnt de Weltmeeschtertitel vum leschte Joer verdeedegen. De Belsch ass no knapp iwwer 53 Minutten iwwer d'Arrivée gefuer. Mat engem Retard vu knapp 7 Sekonne koum de Filippo Ganna op déi 2. Plaz. Den Italieener huet seng Plaz aus dem leschte Joer och widderholl. Op déi 3 Plaz koum den aneren Italieener Edoardo Affini mat engem Réckstand vu 55 Sekonnen.
Bei den Dammen huet sech d'Australierin Grace Brown duerchgesat. Si huet fir déi 29,9 Kilometer 39 Minutten a 16 Sekonne gebraucht. Mat engem Réckstand vu 16 Sekonne war déi 2. Plaz fir d'Hollännerin Demi Vollering. De Podium gouf vum Chloe Dygert (USA) mat engem Retard vu 56 Sekonne komplettéiert. D'Marie Schreiber ass an der selwechter Course op der 25. Plaz iwwert d'Arrivée gefuer. An der U23-Kategorie ass dat fir déi ganz gutt 4. Plaz duergaangen.
D'Klassement vun den Hären
1 EVENEPOEL Remco 53.01,98
2 GANNA Filippo +07
3 AFFINI Edoardo +55
4 TARLING Joshua +01:18
5 VINE Jay +01:25
6 ASGREEN Kasper +01:31
7 FOSS Tobias +01:45
8 KÜNG Stefan +01:50
9 CAMPENAERTS Victor +01:56
10 MCNULTY Brandon +01:59
D'Klassement vun den Dammen
1 BROWN Grace 39:16.04
2 VOLLERING Demi +16.79
3 DYGERT Chloe +56.42
4 NIEDERMAIER Antonia +1:05.10
5 KOPECKY Lotte +1:39.44
6 SCHWEINBERGER Christina +1:44.14
7 HENDERSON Anna +1:44.39
8 van DIJK Ellen +1:47.38
9 LABOUS Juliette +1:51.68
10 NEBEN Amber Leone +2:20.33
...
25 SCHREIBER Marie +3:32.13