"Ech si méi wéi happy mat der véierter Plaz", sou d'Marie Schreiber

© Arne Mill / T.RF Sportmarketing
D'Course gouf zesumme mat der Dammen-Elite gefuer. D'Marie Schreiber huet sech do op der 25. Plaz klasséiert.
D'Marie Schreiber huet sech op der Cyclissem-WM bei der U23 am Zäitfueren iwwer 29,9 Kilometer op der gudder 4. Plaz klasséiert. Déi 1. Plaz an där Kategorie ass un d'Antonia Niedermaier aus Däitschland gaangen.
D'Lëtzebuergerin war 2 Minutten a 27 Sekonne méi lues wéi d'Niedermaier. D'Jasmin Liechti aus der Schwäiz an d'Julie de Wilde aus der Belsch sinn um Podium bei der U23 gelant. Dem Marie Schreiber hunn 11 Sekonnen op déi 3. Plaz gefeelt. Hannert dem Schreiber ass ë.a. d'Anniina Ahtosalo aus Finnland iwwer d'Arrivée gefuer, déi op der EM nach virum Schreiber ukomm war.
No der Course huet sech d'Marie Schreiber ganz zefridde mat hirer Leeschtung gewisen. D'Preparatioun duerch eng Chute en Dënschdeg net ideal gewiescht an dohier wier si " méi wéi happy mat der véierter Plaz", sou d'Lëtzebuergerin am Interview.
Fir si ass d'WM zu Zürich an der Schwäiz nach net eriwwer. Den nächste Samschdeg steet nach d'Stroossecourse um Menü. D'U23-Damme fueren zesumme mat der Elite. Doduerch géing et eng aner Course ginn an et géing als Espoirefuererin virun allem drëm goen, fir matzefueren an ze iwwerliewen, wéi elo richteg offensiv ze fueren. Dofir huet sech d'Lëtzebuergerin och kee fest Zil gesat.
D'Klassement bei den Dammen
1 BROWN Grace 39:16.04
2 VOLLERING Demi +16.79
3 DYGERT Chloe +56.42
4 * NIEDERMAIER Antonia +1:05.10
5 KOPECKY Lotte +1:39.44
6 SCHWEINBERGER Christina +1:44.14
7 HENDERSON Anna +1:44.39
8 van DIJK Ellen +1:47.38
9 LABOUS Juliette +1:51.68
10 NEBEN Amber Leone +2:20.33
11 CHAPMAN Brodie +2:26.81
12 OTTESTAD Mie Bjorndal +2:46.93
13 HARTMANN Elena +2:49.14
14 KERBAOL Cedrine +2:49.41
15 KOCH Franziska +3:04.53
15 BIRIUKOVA Yuliia +3:04.53
17 ŽIGART Urška +3:06.43
18 FINDLAY Paula +3:09.25
19 GUAZZINI Vittoria +3:11.82
20 * LIECHTI Jasmin +3:16.79
21 EHRLICH Emily +3:21.70
22 * de WILDE Julie +3:21.85
23 KOERNER Rebecca +3:26.86
24 CAMPBELL Teniel +3:29.11
25 * SCHREIBER Marie +3:32.13