Cyclissem-WM
Am Zäitfuere vun de Juniorinne fiert d'Gwen Nothum op déi 16. Plaz

© FSCL Hugo Barthelemy (Archiv)
Gewonne gouf d'Course vum britteschen Nowuesstalent Cat Ferguson.
Sëlwer war fir d'Slowakin Viktória Chladoňová. Op déi 3. Plaz koum mam Imogen Wolff eng weider Brittin.
No 18,8 Kilometer hat déi eenzeg Lëtzebuergerin um Depart e Retard vun 1 Minutt a 34 Sekonne.
En Donneschdeg de Moie steet d'Stroossecourse fir d'Juniorinnen um Programm. Hei ass nieft dem Gwen Nothum och nach d'Lena Lallemang fir Lëtzebuerg um Depart.
Am meeschte gelies