Insekten an der Canicule Oregan an Thymian amplaz Päiperleksstack a Geranien

Monique Kater
D’Päiperleken, d’Hunneg- oder Wëllbeien, d’Harespelen, d’Mécken an, net ze vergiessen, d’Kiewerleken – och eis Insekte leiden ënnert den ongewinnt héijen Temperaturen a riskéieren esouguer, e reegelrechte Schock duerch d’Hëtzt ze kréien.

Dat ass e klore Message vum Naturschutzsyndikat Sicona, dee v.a. am Südweste vum Land aktiv ass. Dass d’Leit, an hirem Gaart, ongewollt vill Feeler maachen, wa se den Insekte wëllen e Liewensraum bidden, ass eng wichteg Informatioun. Anengems goufen et haut vun de Sicona-Experten eng ganz Rei Recommandatiounen, fir eng optimal Gestaltung vu Gaart a Balcon.

D’Entwecklung, d’Reproduktioun vun eisen Insekten ass den Ament komplett op der Kopp. Well déi eng Blummen ze fréi bléien, ze fréi verbléit sinn, an anerer scho virun der Bléi verdréchnen. Wou soll eis Fauna, déi kleng Déiercher, mat an ouni Flilleken – wou sollen eis Insekten hiren Nektar fannen, ouni dee se net kënnen iwwerliewen? Fir d’éischt emol bräicht een zertifiéiert Planze vun hei: "Den Oregan ass eng super Nektarquell fir eis Bestëppser! Den Thymian ass grad esou eng gutt Fudderquell, erkläert d’Lisa Siebenaler, Entomologin vu, Sicona.

Hei geet et op d'Websäit

Déi Mini-Blimmercher fënnt net onbedéngt jidderee sexy – an dofir keeft een e Päiperleksstack fir an de Gaart oder et setzt ee sech déi onkomplizéiert Geranien op de Balcon ... gutt gemengt, mee komplett falsch! D’Geranien zum Beispill wiere komplett steril a vu kengem Notze fir d’Insekten, sou d’Lisa Siebenaler, do kéint een och Plastiksblummen huelen! Déi Saisonsblumme wieren och extrem mat Pestizide behandelt, fir dass se sou schéin ausgesinn. En Insekt kéint do vergëft ginn, gëtt awer op alle Fall vu Faarwen ugezunn, ouni Narung ze fannen, seet d’Entomologin.

Eng Méimaschinn brauch dëser Deeg keen, well de Wuess net wiisst – mee wa méien, dann op kee Fall Ratzfatz alles ewech maachen. Vum Naturschutzsyndikat ginn et Tuyauen, wéini wat a wéi maachen: Vill verschidde Strukturen am Gaart wieren extrem wichteg, wéi e Koup Steng, an deem et kill a fiicht bleift, seet d’Charlie Simon, Ökologin beim Naturschutzsyndikat Sicona. Och doudegt Holz an d’Gras, dat een nom Méien op e Koup tässelt, wiere Liewensraim fir Insekten. An da soll ee just 2,3 mol d’Woch nätzen an zwar esou, dass d’Waasser anzitt. Moies fréi oder owes méi spéit am Schied. Eng Blummewiss wier eng gutt Iddi ...elo plazeweis fort mam Wuess an am September séien – eng Geseemsmëschung vu Wëllplanze vun hei wier dat Bescht, dat geet esouguer op morem Buedem! 

Iwwregens: Waasser an de Gaart setzen, fir dass d’Insekte kënnen drénken, ass souwisou selbstverständlech.

Back to Top
CIM LOGO