Den Tadej Pogacar ass neie Weltmeeschter op der Strooss
Zum Ofschloss vun der Cyclissem-WM ass et bei der Hären-Elite iwwer 273.9 Kilometer vu Winterthur bis op de City Circuit zu Zürech gaangen.
Nees war et eng Muechtdemonstratioun vum Tadej Pogacar, dee schonn 100 Kilometer viru Schluss attackéiert huet an déi lescht 50 Kilometer en solitaire gefuer ass. No der 3. Plaz aus dem leschte Joer ass et den éischte Weltmeeschtertitel jeemols op der Strooss fir ee slowenesche Coureur.
De Ben O'Connor huet sech iwwerdeems déi zweet Plaz geséchert, den Titelverdeedeger Mathieu van der Poel ass als Drëtten iwwert de wäisse Stréch gefuer a gewënnt Bronze.
De Bob Jungels ass mat engem Retard vun 12 Minutten an 9 Sekonnen op déi 65. Plaz komm. Mam Luc Wirtgen, Michel Ries a Kevin Geniets sinn déi aner Lëtzebuerger um Depart d'Course ewéi vill aner Cyclisten net op en Enn gefuer.
De Resumé vun der Course
De Lëtzebuerger Luc Wirtgen konnt sech zesumme mam Silvan Dillier an dem Piotr Pekala fréi ofsetzen. Kuerz drop hunn nach dräi weider Coureuren zum Spëtzegrupp opgeschloss, dee sech no an no eng grouss Avance erausfuere konnt.
No 100 Kilometer haten déi sechs Cyclisten ee Virsprong vu ronn 5 Minutten an 30 Sekonnen op de Peloton. Um City Circuit ass deen awer séier méi kleng ginn, nodeems sech hannendrun ee Verfolgergrupp aus 9 Coureure gebilt hat. Eng 120 Kilometer virun der Arrivée louch d'Avance just nach bei enger Minutt.
Gutt 100 Kilometer viru Schluss huet den Toppfavorit Tadej Pogacar dunn am Peloton attackéiert. De Slowen konnt mat der Hëllef vu sengem Landsmann Jan Tratnik un de Spëtzegrupp opschléissen, dee mëttlerweil aus 15 Coureure bestanen huet.
Och am Peloton gouf den Tempo dann ugezunn, soudass ëmmer méi Coureuren hu misse lassloossen. Wéi de Spëtzegrupp just nach gutt 30 Sekonnen Avance hat, huet de Pogacar op en Neits attackéiert a sech 75 Kilometer viru Schluss mam Pavel Sivakov un d'Spëtzt gesat.
Hannendrun ass de Peloton séier zum Verfolgergrupp gi well just nach wéineg Cycliste den Tempo matgoe konnten. Eng 45 Kilometer war de Pogacar eleng Leader, dat mat enger Avance vu ronn annerhallwer Minutt op déi 12 Coureuren am Verfolgergrupp. Mam Ben Healy an Toms Skujins hate sech iwwerdeems zwee Fuerer eng Avance vu knapp 30 Sekonnen erausgeschafft, soudass Evenepoel, Van der Poel a Co. hannendru weider hu missen acceleréieren.
Um Enn sollt kee méi un de Pogacar erukommen, dee sech domat fir déi éischt Kéier zum Weltmeeschter kréint an de Reebou-Maillot gewënnt. Komplettéiert gouf de Podium vum Ben O'Connor an dem Mathieu van der Poel, dee sech am Sprint nach Bronze séchere konnt.
D'Klassement vun der Course
1 POGACAR Tadej 6:27:30
2 O'CONNOR Ben +0:30
3 VAN DER POEL Mathieu +0:58
4 SKUJIŅŠ Toms ,,
5 EVENEPOEL Remco ,,
6 HIRSCHI Marc ,,
7 HEALY Ben +1:00
8 MAS Enric +1:01
9 SIMMONS Quinn +2:18
10 BARDET Romain ,,
...
65 JUNGELS Bob +12:09