Ken Conter bei Victoire vum Kilian Moreels op der 3. Plaz
De Lëtzebuerger hat um Enn e Retard vun enger Minutt a 4 Sekonnen op de Vainqueur aus der Belsch.
De Kilian Moreels huet de Cyclocross, dee vum UC Dippech zu Schuller organiséiert gouf, gewonnen. Hannendru koum den zweete Belsch Elio Clarysse op déi 2. Plaz. De Clarysse hat e Retard vu 46 Sekonnen. Beschte Lëtzebuerger war de Ken Conter op der 3. Plaz. De Rick Meylender an de Noa Berton hu sech mat engem Retard vun iwwer 2 Minutten op de Plaze 4 a 5 klasséiert.
Vum Depart aus fort war et eng ganz séier Kurs. 3 Coureure konnte sech fréi ofsetzen, mat dobäi aus Lëtzebuerger Siicht de Ken Conter. No hallwer Kurs ass dunn awer och de Spëtzentrio ausernee gefuer an et war de Belsch Kilian Moreels, deen sech als Espoir vun den Elitefuerer ofsetze konnt. Mat 30 Sekonnen Avance ass et fir hien an de leschten Tour gaangen an dat sollt um Enn och duer goe, fir d’Victoire virum Elio Clarysse an dem Ken Conter ze feieren.
Hannert de Spëtzeleit hat sech e klenge Grupp mam Dippecher Rick Meylender geformt. De jonke Coureur, deen dëst Joer seng éischt Saison bei den Espoire fiert, huet sech ob sengem Heemparcours gutt aus der Affäre gezunn a konnt ob en Neits ënner Beweis stellen, datt an deenen nächste Jore mat him ze rechnen ass. Um Enn ka sech den Dippecher am Sprint géint den Noa Berton duerchsetzen an als 4. sech déi zweet Plaz bei den Espoire sécheren.
Bei den Damme konnt sech d'Gwen Nothum duerchsetzen. Op de Plazen 2 an 3 sinn d'Kylie Bintz an d'Elena Lopes gefuer.
Nächste Weekend geet et dann am Keeldall fir d’Cyclocross-Spezialisten ob déi zweete Manche vum Skoda Cross Cup.