All Joer ass zu Borrego Springs a Kalifornien d'24-Stonne-Weltmeeschterschaft am Ultracyclissem.

Et ass quasi ee Contre-la-montre, dee gefuer gëtt. Den Ënnerscheed ass awer deen, datt d'Coureuren zesummen un den Depart ginn an net wéi bei engem normale Contre-la-montre individuell. Den Drafting ass awer op der Weltmeeschterschaft net erlaabt. Et kann also kee Coureur vun deem anere profitéieren.

De Ralph Diseviscourt am RTL-Interview

Virun zwee Joer ass de Ralph Diseviscourt schonns eng éischte Kéier zu Borrego Springs gestart, allerdéngs ass hie relativ fréi an der Course gefall an hat sech d'Schlësselbee gebrach. Dës Kéier geet hie mat der Ambitioun un den Depart, fir ganz vir matzefueren.

Am RTL-Interview huet hien och nach erzielt, wéi hie sech ënnert anerem am Éislek op dës Course preparéiert huet. Ausserdeem huet hien erzielt wéi d'Streck ausgesäit, déi ze fueren ass, wat et mat den Temperaturen op sech huet a wie seng stäerkste Konkurrente sinn.

RTL

© Team Dizzy