
Aus dem Häre-Cyclissem koum e Méindeg d'Confirmatioun, dass den Tadej Pogacar dëst Joer och d’Vuelta wäert fueren. Déi fänkt den 22. August zu Monaco un an dauert bis den 13. September, mat Arrivée zu Granada.
Alles an allem ginn 21 Etappe gefuer, dat iwwert eng Distanz vun 3.275 Kilometer. Dorënner falen ënnert anerem 6 Biergetappen an 2 Contre la montre.
Bis ewell huet de Weltmeeschter den Tour duerch Spuenien nach ni gewonnen. Bei senger leschter Participatioun am Joer 2019 hat hien dräi Etappe gewonnen a war um Enn den Drëtte ginn.
De Pogacar huet scho 5 mol den Tour de France gewonnen (2020, 2021, 2024, 2025, 2026) an 2024 huet en den Giro d'Italia fir sech entscheet, der eenzeger Kéier, wou en hei un den Depart gaangen ass.
A sengem Palmarès feelt deemno nach d'Vuelta.
Bis elo hu just 8 Cycliste gepackt, déi 3 grouss Touren ze gewannen, do wëll de Pogacar elo Nummer 9 ginn.
Jacques Anquetil (Frankräich)
Felice Gimondi (Italien)
Eddy Merckx (Belsch)
Bernard Hinault (Frankräich)
Alberto Contador (Spuenien)
Vincenzo Nibali (Italien)
Chris Froome (Groussbritannien)
Jonas Vingegaard (Dänemark)